Véimaartthermen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps colors.png Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Am ënnerierdeschen Deel

D'Véimaartthermen um Tréierer Véimaart sinn déi eelste vun den dräi Tréierer Thermen aus réimescher Zäit. Mat enger Gréist vun 82 x 102 m hate si verschidden temporéiert Basengen, eenzel Bidden, Hëtzsystemer an Nieweraim opweises.

Op engem réimesche Wunnquartier aus dem 1. Joerhonnert sinn d'Véimaartthermen entstan. Mënz- a Keramikobjeten, déi fonnt gi sinn, bezeien, datt d'Anlag bis wäit an 4. Joerhonnert era benotzt gouf. Am Mëttelalter gouf d'Gemaier als Steebroch benotzt an huet u Substanz verluer. Spéider am 17. an 18. Joerhonnert gouf Kapuzinerklouschter op dëser Plaz opgeriicht, dat mat de meterdécke réimesche Fëllementer am Buedem a Beréierung koum.

D'Véimaartthermen sinn eréischt viru kuerzem entdeckt ginn, wéi een 1987 bei engem Bauprojet vun engem ënnerierdesche Parking zoufälleg op d'Iwwerreschter gestouss ass. Bis 1994 sinn doropshi vum Rhäinesche Landesmusée Ausgruewunge gemaach ginn. Zënter 1998 sinn déi zum Deel ënnerierdesch Bieder an engem Glashaus vum Kölner Architekt Ungers an der sougenannten Ungers-Vitrine um Véimaart ze bewonneren.

[änneren] Kuckt och


das is echt cool!

Commons: Roman baths at the Viehmarkt in Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen