Vëlospist PC2

Vu Wikipedia
Vëlospist PC2
D'PC2 bei Konsdref
offiziellen Numm Itinéraire cyclable d'Echternach
Lëtzebuerger Numm Iechternacher Pist
vu(n) Lampertsbierg
op Iechternach
déifste Punkt Iechternach
héchste Punkt Wuelper
Land Lëtzebuerg


D'Vëlospist PC2 och nach Iechternacher Pist, offiziell Itinéraire cyclable d'Echternach, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se féiert zu engem groussen Deel iwwer déi fréier Charelisstreck.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

D'PC2 ass 43,5 km laang an huet hiren Ufank um Lampertsbierg um Rond-point Schuman a geet bis op Iechternach wou s'en direkten Uschloss un d'PC3 (Pist vun den dräi Flëss) huet. Den déifste Punkt (168 m) ass zu Iechternach an den héchsten (380 m) zu Wuelper.

Op d'Pist kënnt een an der Stad um Rond-point Schuman, vun Dummeldeng respektiv vu Weimeschkierch aus iwwer d'Piste du centre, oder um Kierchbierg vis-à-vis vun de Foireshalen. Vun do aus féiert se duerch de Gréngewald bis op de Sennengerbierg. Laanscht Rammeldang geet et op Iernster, wou se Uschloss un d'Pist vun der Sir huet. Hanner Gonnereng féiert se dann iwwer den Heedhaff an de Plateau vum Mouerbierg laanscht Jonglënster. Duerch d'Felder geet et weider iwwer Beidler, Rippeg an Hemstel bis op Bech, vu wou aus se op der fréierer Charelisstreck duerch de Becher Tunnel bis erop op Wuelper féiert. Do erreecht se op enger Héicht vun 380 Meter hiren héchste Punkt.

Vun do u geet dann iwwer Konsdref op de Scheedgen. Laanscht d'Lauterbuererbaach leeft se op der Charelisstreck weider biergof bis op Lauterbuer, vu wou aus se e Stéck iwwer d'Iechternacherstrooss laanscht d'Neimillen, an d'Specksmillen, bis an d'Entrée vun Iechternach féiert. Do béit se riets of iwwer eng kleng Bréck iwwer d'Lauterbuererbaach. Iwwer d'Rue des Romains, laanscht de Séi geet et iwwer Niewestroosse weider bis op d'Héicht vun der N10. Duerch eng kleng Ënnerféierung kënnt se da bis un den Uwänner vun der Sauer, wou se op hirem déifste Punkt (168 m) Uschloss un d'Pist vun den dräi Flëss huet.

Se a féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Kierchbierg, Sennengerbierg, Rammeldang, Iernster, Gonnereng, Eescheler, Beidler, Rippeg, Hemstel, Bech, Wuelper, Konsdref, Scheedgen, Kalkesbaach, Iechternach.

Uschlëss un aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Pist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Streck fänkt um Rond-point Schuman an der Géigend vun der Rouder Bréck un a s'ass vun do aus gezeechent. Et ass awer och méiglech vun Dummeldeng/Eech aus fort ze fueren oder eréischt um Kierchbierg bei der Luxexpo.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist PC2 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019