VSS Enterprise

Vu Wikipedia
VSS Enterprise (Mëtt) ugemaach um Drofliger White Knight Two
Dat éischt SpaceShipTwo, dat den Numm VSS Enterprise droe sollt, ofgedeckt an zu 60 % fäerdeg wärend de Rollouts vun der VMS Eve
D'VSS Enterprise vun hannen

D'VSS Enterprise war den éischte Raumfliger fir kommerzielle Gebrauch vun der Firma Virgin Galactic an dat éischt Raumgefier vun der SpaceShipTwo-Klass. Et baséiert op enger vergréisserter Versioun vum SpaceShipOne. D'VSS Enterprise sollt ufanks am Joer 2013 a Betrib goen[1], spéider gouf de Summer 2014 als Datum uginn. D'Flich sollte vum Spaceport America bei Upham am amerikanesche Bundesstaat New Mexico starten.

Den Numm vum Raumfliger ass en Hommage un d'USS Enterprise aus dem Star-Trek-Universum, woubäi VSS fir Virgin Space Ship steet.

Flich[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Fluch vun der VSS Enterprise war den 22. Mäerz 2010 zesumme mam Drofliger VMS Eve vun der White-Knight-Two-Klass bis op eng Héicht vu ronn 14.000 Meter.

Och ouni Ofkopplung vum Drofliger war den éischte bemannte Fluch vum Raumgefier de 15. Juli absolvéiert ginn. Den éischte fräie Fluch vun der VSS Enterprise war den 10. Oktober 2010, den éischte Fluch am Fiedermodus am Mee 2011. Den éischte Fluch mat Rakéitendreifwierk war am Abrëll 2013, dobäi gouf Mach 1,22 erreecht. Bei engem Accident gouf d'VSS Enterprise den 31. Oktober 2014 zerstéiert, an ee vun de béide Pilote koum ëm d'Liewen.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De Richard Branson, Chef vu Virgin Galactic, hat dem William Shatner, Duersteller vum Captain Kirk an der Televisiounsserie Raumschëff Enterprise eng fräi Participatioun beim éischten touristesche Fluch vun der VSS Enterprise ugebueden. De Shatner hat dat awer ofgeleent.

Ofstuerz[änneren | Quelltext änneren]

Der VSS Enterprise hiren eenzege Raumfliger vun der SpaceShipTwo-Klass war bei engem Testfluch den 31. Oktober 2014 ofgestierzt. De Kopilot Michael Alsbury war bei deem Accident gestuerwen, wärend sech de Pilot Peter Siebold mam Schleidersëtz rette konnt. [1]
[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rob Coppinger: SpaceShipTwo's mothership maiden flight auf Flightglobal.com, 21. Dezember 2008
  2. Scaled Composites: NewsRelease, 1. November 2014