Pierre Kartner

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vader Abraham)
Pierre Kartner
Gebuertsnumm Petrus Antonius Laurentius Kartner
Pseudonym Vader Abraham, Father Abraham
Gebuer 11. Abrëll 1935
Elst
Gestuerwen 8. November 2022
Breda
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Museksproduzent, Komponist, Sänger, Lidderschreiwer, Liddermécher

De Pierre Kartner, gebuer den 11. Abrëll 1935, a gestuerwen den 8. November 2022, war en hollännesche Komponist a Sänger.

Zu senge bekanntste Stécker zielen Het Smurflied (1977, op Däitsch: Das Lied der Schlümpfe), dat en ënner dem Pseudonym Vader Abraham gesongen huet, an Het kleine café aan de haven, dat op Franséisch vum Mireille Mathieu als Le café de la rue d'Amérique a vum Joe Dassin als Le café des trois colombes iwwerholl gouf. Op däitsch huet et de Peter Alexander als Die kleine Kneipe bekannt gemaach; vun him gëtt et och eng Versioun am Wiener Dialekt, Das kleine Beiss'l. Souguer op Lëtzebuergesch gouf et zwou Versiounen dovun: Eng vum Fernand Wark ënner dem Titel Dee klenge Bistro, an eng Parodie, gesonge vum Fernand Fox, mam Titel Déi kleng Chamber iwwer de "Bistro riichtiwwer vum Palais".

Hien ass och den Auteur a Komponist vum Lidd De oude muzikant, mat deem de Ben Cramer Holland beim Eurovision Song Contest 1973 vertrueden huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]