Val Duchesse

Vu Wikipedia
Val Duchesse
Land Belsch
Gemeng Auderghem - Oudergem,
Woluwe-Saint-Pierre - Sint-Pieters-Woluwe
Koordinaten 50°49'12,87"N, 4°26'1,44"O
Datum vum Bau 1915
Proprietär Donation royale

Val Duchesse oder Hertoginnendal ass en Domaine op der Plaz vun engem alen Dominikanerinnen-Priorat mam selwechten Numm zu Auderghem, an der Regioun Bréissel.

D'Priorat Val Duchesse gouf 1261 oder 1262 vun der Herzogin Aleyde vu Brabant, der Wittfra vum Henri III. vu Brabant, gegrënnt. Et bestoung bis 1796, wéi d'Kléischter opgeléist goufen.

1903 huet de Charles Dietrich den Terrain opkaf. Den Architekt E. de Vigne huet de Südflillek (warscheinlech dat fréiert Haus vun der Priorin, dat 1780 am Louis-XVI.-Stil gebaut gi war), ëmgebaut a vergréissert, an doraus e Schlass mat Orangerie gemaach. En aneren Architekt, den A. Roosenboom, huet d'Dependancen an engem "pittoreske" Stil erëm an d'Rei gesat. 1930 huet den Dietrich der Donation royale de Besëtz iwwerlooss.

Tëscht dem September 1956 an dem Mäerz 1957 ass zu Val Duchesse eng diplomatesch Aarbechtsgrupp zesummekomm, fir déi Traitéen auszeschaffen, déi de 25. Mäerz 1957 zu Roum ënnerschriwwe goufen, an déi, als Réimesch Traitéë bekannt, de Grondsteen fir d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft an d'Europäesch Atomgemeinschaft waren, aus deenen déi haiteg Europäesch Unioun ervirgaangen ass. Och déi éischt Sëtzung vun der Kommissioun vun der EWG ënner dem Walter Hallstein ass do de 16. Januar 1958 ofgehale ginn.

Den Domaine gehéiert der Donation royale, déi en un de belsche Staat verlount, a gëtt fir Seminairen, Empfänk a Staatsvisitte benotzt. Sou huet z. B. 2004 de libesche Staatschef Muammar al-Gaddafi bei senger Staatsvisitt an der Belsch a bei der EU an engem Zelt, dat am Gaart opgeriicht gouf, iwwernuecht.