Valdas Adamkus

Vu Wikipedia
Valdas Adamkus
Gebuer 3. November 1926
Nationalitéit Litauen, USA
Educatioun Universitéit vu München,
Illinois Institute of Technology
Aktivitéit Politiker, Kuerzstreckeleefer, Ingenieur, Bauingenieur
Partei keng, Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Alma Adamkienė

De Valdas V. Adamkus, gebuer den 3. November 1926 zu Kaunas, war vun 1998 bis 2003 a vun 2004 bis 2009 President vun der Republik Litauen.

Hien ass als Voldemaras Adamkavičius als gebuer. No der sowjetescher Annexion vu Litauen, am Juni 1940, gouf den Adamkus member vun der nationalistescher, litauescher Onofhängegkeetsbeweegung. 1944 ass e mat sengen Eltere virun der Rouder Arméi an Däitschland geflücht, wou en nom Krich seng Première gemaach huet an zu München Naturwëssenschafte studéiert huet. 1949 ass en an d'USA ausgewandert. Hie gouf wéinst senge Sproochkenntnesser 1950 beim militäresche Geheimdéngscht engagéiert a krut 1960 säin Diplom als Ingenieur um Illinois Institute of Technology.

1970 goung e bei déi nei gegrënnt Ëmweltagence EPA schaffen, wou en 1981 Regionaladministrator fir d'Regioun vun de Fënnef Séie gouf. 1997 goung en a Pensioun an ass kuerz dono nees a Litaue wunne gaangen. Do huet hie bei de Presidentewalen 1998 kandidéiert a gouf, mat enger knappser Majoritéit vu 50,4 %, gewielt. Am Januar 2003 huet hien am zweeten Tour bei der Kandidatur ëm seng Nofolleg géint de Rolandas Paksas verluer. Dëse gouf no engem Joer ofgesat, a bei de virgezunnenen Neiwalen, den 13. a 27. Juni 2004, gouf den Adamkus op en Neits zum President gewielt.

Hien ass zënter 1951 mat der Alma Nutautaitė (* 1927) bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valdas Adamkus – Biller, Videoen oder Audiodateien