Valserine

Vu Wikipedia
D'Valserine am Wanter

D'Valserine ass e Floss am Oste vu Frankräich an e rietsen Niewefloss vum Rhône.

D'Valserine huet hir Quellen am Parc naturel régional du Haut-Jura nërdlech vum Col de la Faucille, op der Grenz vun der Departementer Ain a Jura. Si leeft praktesch de ganzen Zäit no Süden, duerch e schmuelen Dall.

Ënnerwee lafe vill kleng Baachen aus dem Juramassiv dran, déi vun den Héichten déi ronderëm leie kommen, wéi z. B. de Ctêt de la Neige mat 1 720 Meter. Op hirem ganze Laf, läit keng grouss Uertschaft.

De gréissten Niewefloss d'Semine, déi méi e groussen Offlosswäert wéi d'Valserine huet, leeft zu Châtillon-en-Michaille vu riets dran.

Zu Bellegarde-sur-Valserine leeft d'Valserine an de Rhône.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valserine – Biller, Videoen oder Audiodateien