Van Albada (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Van Albada
Koordinaten 9°21'36"N, 64°21'0"O
Duerchmiesser 22,9 km
Selenographesch Längt 294° bei Sonnenopgank
Genannt no Gale Bruno van Albada
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ13

De Van Albada ass en Aschlagkrater um Äerdmound südëstlech vum Mare Crisium. Hie läit direkt um südsüdëstleche Rand vum Krater Auzout. De Krater Krogh läit genee ëstlech an am Südsüdwesten ass deen däitlech méi grousse Krater Firmicus.

De van Albada ass kreesfërmeg mat enger liichter Ausbuchtung am Nordwesten. De Kraterrampli ass am Norden eppes méi mächteg, well hien op dëser Plaz duerch d'Ausleefer vum Krater Auzout verstäerkt gëtt. Am Ostdeel ënnerbrécht e klengen Aschlagkrater de Kraterrand.

De Kraterbuedem ass méi donkel wéi den Terrain ronderëm a gläicht a senger Albedo dem Moundmier am Nordwesten.

Ier de Krater 1976 duerch d'International Astronomesch Unioun (IAU) säin haitegen Numm krut, war hien als 'Auzout A' bekannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]