Vanderlei Luxemburgo

Vu Wikipedia
Vanderlei Luxemburgo
Gebuer 10. Mee 1952
Nova Iguaçu
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer

De Vanderlei Luxemburgo da Silva, gebuer de 5. Oktober 1952 zu Nova Iguaçu, ass e brasilianesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.

Bekannt gouf en ënner dem Numm Wanderley Luxemburgo, deen e mat 19 Joer an engem gefälschte Spillerpass gebraucht huet, an deen en e méi rezent Gebuertsdatum agedroen huet, fir datt en nach e Joer méi laang als Jugendspiller gëlle konnt.

Zu senge gréisste berufflechen Héichpunkter gehéiert sécher seng Zäit vum 11. August 1998 bis den 30. September 2000, wou en déi Brasilianesch Foussballnationalekipp (Seleção) trainéiert huet, mat där en 1999 d'Copa América gewonnen huet. Am selwechte Joer gouf e vun der International Federation of Football History & Statistics (IFFHS) als Weltnationaltrainer ernannt.

Vum 30. Dezember 2004 bis de 4. Dezember 2005 huet de Luxemburgo de Real Madrid trainéiert. Du gouf hie mam Juan Ramon Lopez Caro ersat, dee virdrun Trainer vum Real Madrid B (2. Divisioun) war.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Titelen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]