Vanilla Sky (Musekgrupp)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vanilla Sky
Grënnung: 2002
Genre: Emo/Pop Punk
Website: http://www.vanillaskyrock.com
Aktuell Memberen
Gesank & Gittar: Brian (Daniele Brian Autore)
Gittar & Gesank: Vinx (Vincenzo Mario Cristi)
Bass-Gittar & Backgroundgesank Cisco (Francesco Sarsano)
Battrie & Backgroundgesank: Luka (Luca Alessandrelli)

Vanilla Sky ass eng italienesch Emo/Pop Punk-Band, déi sech uganks d'Joer 2002 forméiert huet. Se orientéiere sech u Gruppe wéi Sum 41. Hiren zweete Laangspillalbum, deen ënnert Universal Music erauskoum, ass am Juni 2007 verëffentlecht ginn. Baussent Italien si se duerch hir Coverversioun vum Rihanna sengem Lidd Umbrella bekannt ginn, dat sech séier am Internet verbreet huet.

[änneren] Bandgeschicht

Gegrënnt gouf d'Band am Feburar 2002, wéi de Sänger a Gittarist Brian Autore vun der Band Lesa Majestic mam Luca Alessandrelli, deemols Batteur bei 9mm, iwwert e méigleche Projet geschwat huet. Se hate wëlles, eng nei Grupp ze forméieren, déi méi staark an d'Richtung vum Teen Pop geet, deen zu dëser Zäit opkomm ass. E gudde Mount méi spéit ass dunn de Bassist Francesco Sarsano, dee bis dohinner Member vun Party Line war, dobäi komm. Duerch hie koumen d'Emo Pop-Aflëss, déi zënterhier d'Grupp prägen. Zimlech séier hunn se awer festgestallt, datt nach e Gittarist an der Grupp feelt an esou ass e Kolleg vum Francesco dobäigestouss, de Vincenzo (fréiere Member vun Crossystem).

Hire Bandnumm huet, sou d'Band selwer, näischt mam Film ze dinn, deen de selwechten Numm dréit. E soll un déi gielzech Faarf bei engem Sonnenënnergang erënneren.

Hiren zweeten Album hu se an engem private Studio zu Roum a Venedeg opgeholl. Op dësem Album si fir d'éischt och dräi Lidder op englesch ze héieren. Am Juni 2007 duerfte se als Support Act d'Grupp Good Charlotte op hirer Italien-Tour begleeden, am Juli dunn als Support Act fir d'Avril Lavigne. Baussent Italien si se duerch YouTube bekannt ginn. Hei huet sech de Video vun hirer Coverversioun vum Rihanna sengem Lidd Umbrella séier verbreet.

[änneren] Discografie

  • 2002 - Play it If You Can't Say It (EP 5 brani)
  • 2003 - Too Loud For You (split CD 4 gruppi)
  • 2003 - The Rest Is History (split CD 5 gruppi, solo Giappone)
  • 2004 - Waiting for Something
  • 2004 - Play it if you can't say it (ristampa, Wynona Records)
  • 2006 - Vanilla Sky Tour edition (edizione limitata 1000 copie)
  • 2007 - Changes (Universal Music)

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen