Vastitas Borealis

Vu Wikipedia
Struktur um Mars
Hadriacus Mons / Hadriaca Patera
D'Vastitas Borealis ass déi grouss Fläch uewen um Bild vun der topographescher Kaart.
Regioun Planum Boreum
Gréisst vum Areal 2000 km
Koordinaten 74° 40′ N, 95° 16′ O
Olympia Planitia, MRO 2009.
Kaart vun den Dünen an der nërdlecher Hemisphär

D'Vastitas Borealis (vastitas, (lat.), Wüst, an der IAU-Mars-Nomenklatur fir grousst Flaachland gebraucht; borealis, (lat.), nërdlech) ass déi gréisst flaach Fläch um Planéit Mars. Si ass an den nërdleche Breetegrade vum Planéit a läit ronderëm déi nërdlech Polarregioun, genannt Planum Boreum. D'Vastitas Borealis gëtt dacks och einfach als nërdlech Fläch vum Mars respektiv als Borealis-Becken[1] bezeechent. D'Flaachland läit ongeféier 4–5 km ënner dem duerchschnëttleche Radius vum Planéit.

Am Joer 2005 hat d'Marssond Mars Express vun der European Space Agency eng grouss Mass Waasseräis an engem Krater vun der Regioun fotograféiert. D'Ëmgéigendbedéngungen an der Regioun erméiglechen et, datt d'Waasseräis sech do stabil hale kann. Et gouf entdeckt, wéi d'Kuelendioxidäis dat driwwer louch, wärend dem Marssummer verdämpt war.

Am August 2007 hat d'NASA d'Marssond Phoenix gestart, déi de 25. Mee 2008 an der Vastitas Borealis gelant war, also wärend dem Fréisummer op der Mars-Nordhallefkugel. Et war eng stationär Sond, déi ë. a. Buedeprouwe geholl huet. Ënner anerem goufe verschidde Mineralstoffer, awer och Perchlorater fonnt. De Phoenix hat bis den 2. November 2008 wëssenschaftlech Donnéeë gesent. Nei Versich fir de Kontakt nees opzehueln waren 2010 feelgeschloen. E Bild weist Zeeche vu schwéiere Schied duerch Veräisung.[2]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den nërdlechen Deel vun der Vastitas Borealis ass vu groussen a klengen Dünefelder bedeckt. Dat gréisst Dünefeld vum Mars, Olympia Undae, ass iwwer 1500 km laang. Hei goufen Oflagerunge vu Gips entdeckt.[3]

Et konnten och Moränen observéiert ginn.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/0,1518,562060,00.html
  2. Phoenix Mars Lander is Silent, New Image Shows Damage, NASA, 24. Mee 2010
  3. Lunar and Planetary Science XXXVII (2006): K. E. Fishbaugh, F. Poulet, Y. Langevin, V. Chevrier, und J-P. Bibring: The origin of gypsum in the Mars north polar region
  4. IAG Planetary Geomorphology Working Group: Moraines Left by Carbon Dioxide Glaciers on Mars, Februar 2012