Vatikanstad

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Status Civitatis Vaticanae
Stato della Città del Vaticano
Etat de la cité du Vatican
Vatikanstadt

Fändel vum Vatikan

Wope vum Vatikan

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Latäin, Italienesch
Haaptstad: Vatikanstad
Staatsform: Absolut Monarchie
 • Poopst: Franciscus
 • Regierungschef: President vum Governatorato
Giuseppe Bertello
Fläch: 0,44 km²
Bevëlkerung: 798 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 1814/km²
Onofhängegkeet: vum Kinnekräich Italien
11. Februar 1929
Nationalhymn: Inno e Marcia Pontificale
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .va
Internationalen
Telefonsprefix
:
+379
Vatikan Kaart.png

De Staat Vatikanstad ass, mat 44 Hektar, dee klengste vun der UNO unerkannten eegestännege Staat vun der Welt. E läit um Territoire vun der Stad Roum (Italien). Zu der Vatikanstad gehéieren de Péitersdoum, d'Péitersplaz, d'Sixtinesch Kapell souwéi d'Palaisen a Gäert bannent de vatikanesche Maueren.

De Staat vun der Vatikanstad ass eng absolut Walmonarchie mat un der Spëtzt dem Poopst. Den Hellege Stull vertrëtt d'Vatikanstad op internationalem Plang.

Péitersdoum Chouer
D'Gare vum Vatikan

Bewunner[änneren | Quelltext änneren]

Vun den 932 Mënschen, déi am Vatikan liewen, hunn der 552 déi vatikanesch Staatsbiergerschaft (dorënner genee 110 Schwäizergardisten – Statsbierger op Zäit – an ongeféier 50 weider Laien). Déi vatikanesch Staatsbiergerschaft gëtt ëmmer just zäitweis an un eng Funktioun gebonne verginn. Si ersetzt ni déi natierlech Staatsbiergerschaft. Se gëtt awer just héije Membere vun der Kurie, de Membere vun der peepstlecher Schwäizergard an och alle Kardineel, déi am Vatikan liewen, zougedeelt an doriwwer eraus all deenen, déi op Sonnererlaabnes vum Poopst op Zäit am Vatikan wunnen.

Gutt 40 Prozent vun de Staatsbierger hale sech net am Vatikan oder zu Roum op, et handelt sech dobäi ëm peepstlech Gesandten an Nuntien, déi fir d'Dauer vun hirem Amt och d'vatikanesch Staatsbiergerschaft hunn.

Am Vatikan selwer liewe Kardineel, Prelaten a Schwäizergardisten. Vun den 3000 Aarbechter, dorënner haaptsächlech Regierungsmemberen, Zeremoniemeeschter, Verkeefer, Restaurateuren, Käch, Bürosaarbechter, Drécker, Employéë vun der staatseegener Bank (Vatikanbank och nach Istituto per le Opere di Religione) a Botzpersonal, wunnt praktesch keen am Vatikan selwer. D' Salariéë sinn a fënnef Gruppen opgedeelt :

  • Hauspersonal: Käch, Botzpersonal, Déngschtpersonal, asw.
  • Geeschtlech: Paschtéier, déi e Groussdeel vun den administrativen a konschthistoreschen Aufgaben iwwerhuelen
  • Sécherheet : Schwäizergardisten, Gendarmen, Wiechter vun de Kierchen a Muséeën
  • Radio a Press: Mataarbechter vum L'Osservatore Romano, dem Radio Vatican an dem [[Centro Televisivo Vaticano
  • Léierpersonal vun den Universitéiten déi dem Vatikan ugeschloss sinn

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Amtssëtz vun de Peepst war bis an d'14. Joerhonnert net de Vatikan, mä de Lateranspalais.

“Vatikan” bezeechent u sech en Hiwwel (mons vaticanus), dee riets vum Tiberufer läit. Do stoung och an der Antik den Zirkus vum Keeser Nero, an deem bei Märtyrien an Hiriichtunge vill Chrëschten a Judden hiert Liewe gelooss hunn.

Nërdlech vun deem Zirkus war e klenge Kierfecht, op deem den Apostel Péiter angeblech begruewe ginn ass. Eng kuerz Zäit duerno ass op där Plaz e Monument gebaut ginn. Am 4. Joerhonnert huet de Keeser Konstantin ob derselwechter Plaz eng grouss Graafkierch baue gelooss – St. Péiter . De Vatikan ass domat zur zentraler Pilgerplaz vun de Péitersveréierer ginn.

Am Joerhonnert duerno si weider Gebaier ob dem Hiwwel entstanen, virun allem sou genannte “scholae” déi Pilger vu verschiddenen Nationalitéiten een Ënnerdaach gebueden hunn, Kapellen a Kierfechter awer och d'Arméi war um Hiwwel vertrueden. Ënner dem Leo IV. ass Mëtt vum 9. Joerhonnert déi ganz Pilgerplaz befestegt ginn (Leostaat).

Mat dem Zerfall vum réimesche Räich hunn Peepst sech ob eng sougenannt “Konstantinesch Schenkung” beruff, no wellecher si déi weltlech Herrschaft iwwer den Territoire ëm Roum hunn, an haten domat d'Basis fir de spéidere Kierchestaat. Am 15. Joerhonnert huet sech d'Konstantinesch Schenkung als Fälschung erausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Philippe Levillain & François-Charles Uginet, Le Vatican ou les frontières de la grâce ; Paräis (Calmann-Lévy), 1984; 266 Säiten. ISBN 2-7021-1225-0
  • (Kollektiv; ~17 Auteuren), La papauté: pouvoir temporel, pouvoir spirituel ; in: Géopolitique - Revue de l'Institut international de Géopolitique, Nr. 58 / Summer 1997; 114 Säiten.
  • Jean-Michel Meurice, Le vrai pouvoir du Vatican - Enquête sur une diplomatie pas comme les autres ; Paräis (Albin Michel & ARTE Éditions), 2010; 240 Säiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vatikanstad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Stand: Vollekszielung 1. Juli 2000. Source: via UNO