Vendée militaire

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 


D'Vendée militaire war den Numm fir deen Deel vun der Vendée, dee sech 1793 géint d'Franséisch Revolutioun erhuewen huet.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun der "Vendée militaire".

Enn Mäerz 1793 waren d'Ëmrësser vun der « Vendée militaire » zum groussen Deel kloer: d'Departement vun der Vendée an d'südlechen Deeler vun der Loire-Inférieure a vun der Maine-et-Loire. De Norde vun den Deux-Sèvres ass am Mee an d'Hänn vun den Opstännege gefall[1].

D'opstänneg Arméi war wéineg zentraliséiert, schlecht ekipéiert (3/4 vun de Männer haten net emol e Gewier virun der Attack op Chalonnes, eng grouss Partie vun de Waffen a Munitioune koum vu republikaneschen Zaldoten, déi geplëmmt goufen) an net permanent, d'Bauere sinn soubal si konnten, nees op hir Lännereien zeréckgaangen. Et koumen awer och Beruffszaldoten derbäi, déi aus der republikanescher Arméi desertéiert waren, an déi hiert Wësse matbruecht hunn[2]. Sou hat de Charette och wéineg Autoritéit iwwer seng Männer, déi him och net ganz iwwer de Wee getraut hunn, an d'Arméi hat wéineg Succès um Schluechtfeld; nodeem besser Elementer derbäi koumen, wéi d'republikanesch Zaldoten, an eng Elite-Kavalerie aus Adelegen a Bierger op eege Käschten op d'Bee gestallt gouf, konnt hie sech duerchsetzen[3].

D'Vendée militaire hat dräi Arméien, déi sech zanter Mäerz zesummefonnt hunn: d'Arméi vum Anjou, ëstlech vum Floss Sèvre nantaise (40.000 Männer), d'Arméi vum Zentrum, am Häerze vun der Vendée (10.000 Männer) an d'Arméi vum Marais, tëscht der Sèvre nantaise an dem Atlantik (15.000 Männer). D'Haaptaufgab vun den Arméie war et, deen Territoire aus deem si komm sinn, ze behalen[4].

Als "populär" Arméi gouf si haaptsächlech vun de Baueren an de klenge Leit vum Land ënnerstëtzt, souwuel logistesch wéi militäresch. Déi berüümte « Moulins de Vendée » (Lëtz.: Millen aus der Vendée) sinn e Beispill heifir, si goufe benotzt fir mat hire Fligelen d'Mouvementer vun den Truppe vum Gouvernement bekannt ze ginn.

D'Strategie vun de Kämpf, déi dorop Belästegungsoperatiounen ausgeluecht war, huet sech ëm d'Virdeeler vum Bocage organiséiert: Hecken a kleng Weeër hunn en Hannerhalt méiglech gemaach, an d'Manöver vun de groussen Unitéite vun der revolutiounärer Arméi genéiert.

Déi éischt Operatioune waren en däitleche Succès fir d'Blancs. No enger éischter Néierlag de 16. Mee, ass d'Arméi vum Zentrum de 25. Mee mam La Rochejaquelein, Lescure, D'Elbée, Cathelineau, Stofflet a Bonchamps zu Fontenay-le-Comte agedrongen a konnt déi 7.000 Zaldote vum Generol Chalbos schloen, an huet sech duerno nees zeréckgezunn. D'Woch drop hunn d'Generalstäb vun den Arméie vum Zentrum a vun de Mauges decidéiert, Saumur unzegräifen; 1.500 Republikaner goufen de 6. Juni zu Vihiers geschloen, an den 8. Juni konnte Verstäerkungen, déi vun Thouars komm waren, zu Montreuil-Bellay geklappt ginn. D'Blancs hunn den 10. Juni Saumur mat ëm déi 15.000 Gewierer an iwwer 60 Kanounen ageholl. Véier Kavaléier konnten duerch d'Demoralisatioun vun de Bleus La Flèche anhuelen.

De royalistesche Generalstab huet sech allerdéngs net direkt getraut, Nantes oder Paräis unzegräifen, a sech fir Niort entscheet, fir d'Arméi vum Biron ze zerstéieren. Zanter dem 12. Juni sinn allerdéngs 20.000 vun den 30.000 Baueren nees heemgaangen, wat d'Victoire vun den Deeg virdru ruinéiert huet. Ausserdeem koum et zu Rivalitéiten tëscht de villen Offizéier, déi vun de Leit gewielt gi waren. Fir dat Ganzt zesummenzehalen, hunn d'Cheffen - déi aus dem klengen Adel koumen - en net-adelege "Généralissime" gewielt, de Cathelineau.

Den Ugrëff op Nantes[änneren | Quelltext änneren]

François de Charette

Schonn zwéin Deeg virdrun, den 10. Juni, war et dem Charette, dee sech vis-à-vis vun de Bande vum Marais endlech duerchsetze konnt, Machecoul ageholl, wat vun enger 1.300 Leit bewaacht war. De Charette stoung un der Spëtzt vu 15.000 Männer; d'Republikaner hunn 200 Doudeger zeréckgelooss an iwwer 10 Kanounen. Dës Victoire huet de Wee op Nantes opgemaach.

Zur selwechter Zäit ass d'Arméi vum Lescure, déi vu Saumur aus fortgaange war, laanscht d'Loire erofgaangen, an den 18. Juni zu Angers ukomm, wat vun de 5.000 Männer vun der Garnisoun zeréckgelooss gi war, an eng Mass gouf gefeiert. De Charette huet him geschriwwen, fir him virzeschloen Nantes anzehuelen, mat sengem Hafen a senge Räichtümer. Ouni ze waarden huet hien 20.000 Männer no fir geschéckt[5].

Zu Nantes hunn d'Awunner, obscho si an zwee gedeelt waren tëscht dem Vollek (Montagnards) an der Handelsbourgeoisie (Girondins) refuséiert, d'Stad z'evakuéieren, wéi et virgeschloe gi war, an hunn eng Resistenz organiséiert. Op der Säit vum Buergermeeschter Baco de la Chapelle huet de Generol Canclaux, Chef vun der Armée des côtes de Brest 3 000 Männer a Kavaléier zesummegeruff, zu deenen nach 2.000 Fräiwëlleger, 5.000 Nationalgarden an 2.000 Aarbechter, déi fir d'Reparatur vun de Waffen zoustänneg waren, derbäikomm. Sou stoungen 12.000 Männer géint déi 15.000 vum Charette um lénksen Ufer vun der Loire an déi 18.000 vum Lescure um rietsen Ufer. Duerch dës Resistenz an de Manktem u Koordinatioun vun de Royaliste war d'Attack op Nantes den 28. an 29. Juni eng Néierlag fir d'Royalisten. Den 28. Juni gouf en Ugrëff vum Charette zeréckgedréckt, an hien huet d'Stad bombardéiere gelooss. Wéi vun Angers keng Verstäerkung komm ass, an de Charette iwwerzeegt war, hie wier verrode ginn, huet hie sech um Owend vum 28. Juni zeréckgezunn. Den Dag drop sinn dräi Kolonne vun der zweeter Arméi ënner der Leedung vu Bonchamps, D'Elbée a Cathelineau iwwer déi respektiv Stroosse vu Paräis, Rennes a Vannes ukomm. Iwwerrascht vun der Resistenze vun den Awunner vun Nantes, konnten d'Blancs trotz alledem an d'Stad erakommen, mä hei huet de Cathelineau säi Liewe gelooss, an déi demoraliséiert Baueren hu sech zeréckgezunn. Säin Nofollger gouf den D'Elbée.

Am selwechte Moment huet de Biron, Chefgenerol vun der Armée des côtes de La Rochelle dem Westermann den Uerder ginn, e Raid am Häerze vun der « Vendée militaire » duerchzeféieren. Un der Spëtzt vun 2.500 Männer ass dëse Richtung Parthenay gezunn a konnt den 2. Juli Châtillon, Haaptstad vun den Opstännegen, anhuelen, an déi 10.000 Bauere klappen, déi d'Stad verdeedegt hunn. Hien huet 2.000 republikanesch Prisonéier befreit, d'Geschäfter vun den Opstännege geplëmmt an d'Archiver vum Conseil supérieur vun de Blancs matgeholl.

Den Dag drop hu sech 25.000 Bauere virun der Stad versammelt, déi de Westermann iwwerrascht hunn, dee mat knapps 500 Männer dovu komm ass, a seng Kanounen, vill doudeger an iwwer honnert Prisonéier zeréckgelooss huet. Dësen Ugrëff, dee schlecht duerchgefouert gi war, huet allerdéngs verhënnert, datt d'Blancs eng zweet Kéier Nantes ugegraff hunn. Fir hiren Territoire ze schützen, sinn déi Opstänneg nees massiv op d'lénkst Ufer vun der Loire zeréckgaangen[6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Roger Dupuy, "La République jacobine, Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éd. du Seuil, 2005, S. 104-106.
  2. Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux » in L'Histoire, n°311.
  3. Vgl. d'Biographie vum Charette, Notes et archives 1789-1794.
  4. Roger Dupuy, op. cit., S. 106.
  5. Roger Dupuy, op. cit., S. 134-137.
  6. Roger Dupuy, op. cit., S. 134-140.