Veräiner an Organismen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Organization template.gif Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Veräin (Réckbildung aus vereenen) bezeechent eng Organisatioun, an där sech Persounen zu enger bestëmmter gemeinsamer, duerch Statute festgeluechter Aktivitéit, zum Austausch iwwer oder zum Ausliewe vu bestëmmte gemeinsamen Interessien, oder ähnlechem zesummengeschloss hunn.

An Däitschland kënnen sou Gruppéirunge sech als eingetragener Verein (agedroene Veräin) registréiere loossen, fir als juristesch Persoun optrieden ze kënnen. Zu Lëtzebuerg hu mer keng speziell legal Form fir Veräiner, si mussen op d'Form vun enger Association sans but lucratif zréckgräifen, fir eng juristesch Persoun ze ginn.

Wann e Veräin sech elo net registréiere léisst, dann ass en eng reng Association de fait, wat ënner anerem bedeit, datt en als Veräin net viru Geriicht zéie kann, an datt déi eenzel Membere fir hir Doten am Kader vun hirem Veräin selwer responsabel sinn a viru Geriicht kënne gezu ginn.

Veräiner an Organismen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]