Verbindung Nord-Midi
D'Verbindung Nord-Midi (Linn 0) ass eng deelweis ënnerierdesch Eisebunnsverbindung am Zentrum vu Bréissel. Si verbënnt d'Gare du Nord mat der Gare du Midi. Si huet 6 Gleiser, déi nëmme vu Persounenzich befuer ginn.
Mat 1.200 Zich am Dag ass et déi meescht befueren Eisebunnslinn an Europa.
Hir Halte sinn:
- D'Gare Bréissel-Central
- D'Halt vu Bruxelles-Chapelle
- D'Halt vu Bruxelles-Congrès. An dësem Gebai stinn och d'Maschinne fir Loft aus dem Tunnel ze zéien.
Si war schonns virum Éischte Weltkrich geplangt, gouf awer eréischt 1952 fäerdeg, an de Kinnek Baudouin huet se de 5. Oktober dat Joer opgemaach.
Urbanistesches [änneren]
Den Tracée vun der Gare geet queesch duerch d'historesch Alstad vu Bréissel. Honnerte vun Haiser sinn ofgerappt ginn, fir kënnen den Tunnel ze bauen; an d'Plaz koume breet Boulevarden an administrativ Gebaier. Eréischt zënter den 1990er Jore gëtt dru geschafft, fir d'Zirkulatioun vun de Foussgänger tëschent der esou an zwee gedeelten Uewer- an Ënnerstad nees méi flësseg ze maachen.
D'Gare am Film [änneren]
- Les marches du palais vum Samy Szlingerbaum, 1982