Verbindungskanal Bosscherveld

Vu Wikipedia

De Verbindungskanal Bosscherveld ass e ronn 1.100 Meter laange Schëffskanal an der hollännescher Provënz Limburg bei der Uertschaft Borgharen an der Gemeng Maastricht.

E verbënnt d'Meuse um Kilometer 5.72 mat der Zuid-Willemsvaart um Kilometer 127.8.

Um Kanal gëtt et eng Schleis d'Schleis vu Bosscherveld. De Kanal ass zougelooss fir Schëffer mat enger Längt bis zu 132 Meter an enger Breet vu 14 Meter, wat der Schëffsklass Va entsprécht. Schëffer déi méi laang wéi 80 Meter sinn, mussen allerdéngs mat enger Kappsteierung ausgerëscht sinn.