Vereenegt Departementer

Vu Wikipedia
Kaart vun de franséischen Departementer (1801)

D'Vereenegt Departementer, oder déi Néng vereenegt Departementer, ass d'Bezeechnung vun den Departementer, déi 1795 vun der Conventioun um annektéierte Gebitt vun den Éisträicheschen Nidderlanden, vum Prënzbistum Léck, vun der Prënzabtei Stavelot-Malmédy a vum Herzogtum Bouillon geschafe goufen.

Geschichtleche Kontext[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Fransousen, d'Éisträicher an der Schluecht vu Fleurus de 26. Juni 1794 geklappt haten hu se d'éisträichesch Nidderlanden an d'Fürstentum Léck besat.

Op Basis vum décret relatif aux pays réunis à la République française[1] vum 13. Abrëll 1795, huet d'Convention nationale den 1. Oktober 1795 d'Réunion de la Belgique et du pays de Liège à la France dekretéiert.

Nodeem den Napoleon 1815 zu Waterloo definitiv geschloe gi war, koumen déi Departementer bei d'Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden fir 1830/39 bei der belscher Onofhängkeet, mat Ausnam vun haitege Lëtzebuerg, dat neit belscht Kinnekräich ze bilden.

Lëscht vun den Departementer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Dubois, Sébastien, La Révolution géographique en Belgique. Départementalisation, administration et représentations du territoire, de la fin du XVIIIe au début du XIXe siècle, Bruxelles, Académie royale de Belgique, 2008.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean Baptiste Duvergier, Collection complète des lois, décrets, ordonnances, réglements et avis du Conseil d'Etat, tome cinquième, 1825