Vereenegt nidderlännesch Staaten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag of the Brabantine Revolution.svg

D'Vereenegt nidderlännesch Staaten (fr: États belgiques unis oder États unis belgiques; nl: Verenigde Nederlandse Staten oder Verenigde Belgische Staten) waren eng federativ Republik, déi 1790 aus der sougenannter Brabanter Revolutioun ervirgoung.

Déi Revolutioun, déi sech zanter 1787 ugekënnegt hat, huet 1789/90 den Ensembel vun den Éisträicheschen Nidderlande betraff, mat Ausnam vum Herzogtum Lëtzebuerg. Si däerf net mat der Lécker Revolutioun verwiesselt ginn, déi kuerz virdrun am onofhängege Prënzbistum Léck ausgebrach war an eng méi liberal-demokratesch Ausriichtung hat.

De Keeser Jousef II. hat laang ëmmer erëm nei zentralistesch a laizistesch Reforme lancéiert, déi a senge villen Herrschaftsgebidder op wéineg Versteesdemech gestouss waren, sou och an de Principautéite vun de südlechen Nidderlanden, déi zanter de Verträg vu 1713/14/15 zur éisträichescher Linn vum Haus Habsburg gehéiert hunn: d'Provënzialstänn (fr: états provinciaux), déi normalerweis ze consultéiere waren, hu sech vum keeserlechen Zentralismus iwwergaange gefillt. 1789 koum et dunn zu Bréissel (Brabant) zu enger Revolutioun, déi sech bal iwwerall an den Éisträicheschen Nidderlanden ausgebreet huet. D'éisträichesch Truppe goufen am Oktober 1789 zu Turnhout vun den Opstännege geschloen, an déi legal Autoritéite vun den Éisträicheschen Nidderlanden sinn an d'Festung Lëtzebuerg an op Tréier geflücht. Dat ass een Deel vun der Erklärung, firwat d'Herzogtum Lëtzebuerg sech aus der Brabanter Revolutioun eraushale konnt, respektiv erausgehale ginn ass; deen aneren Deel huet mat enger gewëssen Dynastietrei vun de Lëtzebuerger ze dinn an och mat der Tatsaach, datt eis Virfueren mat enger Rei vum Jousef II. senge Reformen éischter liewe konnten, wéi déi aner Populatioune vun den Éisträicheschen Nidderlanden. Am kierchlech-reliéise Beräich, z. B., war d'Gebitt vum deemolege Lëtzebuerger Land schonn ëmmer op verschidden auslännesch Bëschofe verdeelt gewiescht (Tréier, Léck, Köln, asw.), an d'Lëtzebuerger, déi deemno keen eegene Bëschof haten, waren ebe méi gewinnt, munneches vu baussen a vun uewen imposéiert ze kréien.

D'Brabanter Revolutioun, déi vu Progressisten ("Demokraten") ronderëm dem Affekot Jean-François Vonck (1743-1792) ausgeléisst gi war, déi géint dem Jousef II. säin Despotismus waren, och wa si mat ville vu senge Reformen averstane waren, gouf paradoxerweis séier vun den Unhänger vun den ale Privilegie vun de Provënzialstänn ("Statiste" genannt) rondrëm dem Affekot Hendrik van der Noot (1731-1827) recupéréiert a krut deemno eng reaktionär a klerikal Ausriichtung. Nodeem jiddwer Principautéit - och nach "Provënz" genannt - hir Onofhängegkeet ausgeruff hat, mat Ausnam vum Herzogtum Lëtzebuerg, gouf den 11. Januar 1790 zu Bréissel een Uniounsvertrag tëscht de Provënzen ënnerschriwwen a kuerz drop eng Republik proklaméiert, déi nom nordamerikanesche Modell vu 1777 États belgiques unis, respektiv - am flämesch-brabanter Dialekt vun där Zäit - Vereenigde Nederlandsche Staeten genannt gouf.

Et war och zur Wal vun engem "souveräne Kongress" komm, mä de Provënzpartikularissem huet d'Bildung vun enger Zentralregéierong, déi staark genuch war, fir Neel mat Käpp ze maachen a fir eng Restauratioun vum éisträichesche Regime ze verhënneren, onméiglech gemaach. Sou koum et, datt d'Brabanter Revolutioun relativ séier liquidéiert konnt ginn: si ass am Sträit ënnergaangen an a sech zesummegebrach, an d'éisträichesch Truppen, ënner dem Feldmarschall de Bender, konnten déi verschidde Principautéite relativ liicht vu Lëtzebuerg aus zréckhuelen an den éisträichesche Regime nees asetzen.

De Keeser Jousef II. war iwwregens schonn den 20. Februar 1790 zu Wien gestuerwen a vu sengem Brudder Leopold II. ofgeléist ginn.

Wéi d'Vollek ëmmer méi wibblech gouf, well et keng Verbesserung vu senger Lag komme gesinn huet, hunn d'revolutionär Autoritéiten zu Bréissel versicht eng lescht Kaart auszespillen: de "souveräne Kongress" huet, um Owend vum 21. November 1790, decidéiert, dem Leopold II. virzeschloen, ee vu senge Jongen, an zwar den Äerzherzog Karl-Ludwig, deemools 19 Joer al, zum "ierfleche Groussherzog vun der Belsch" (hei am Sënn vu südlechen Nidderlanden ouni Lëtzebuerg) ze maachen. De "souveräne Kongress" huet dunn och tatsächlech de betreffenden Äerzherzog e puer Stonne méi spéit zum Herrscher gewielt, an der Iwwerzeegung, datt sou d'Onofhängegkeet kënnt gerett ginn a gläichzäiteg gutt Relatioune mam Keeser kënnten erëm hiergestallt ginn. Mä deen Ament waren d'éisträichesch Truppe schonn a Marsch gesat ginn, an d'Gesandte vum "souveräne Kongress" konnten d'Propositioune vu Bréissel net iwwerreechen.

Sou ass d'Schafe vun engem onofhängege "belsche" Staat 1790, a Form vun engem Grand-Duché, net zustane komm. Vum lëtzebuergesche Standpunkt aus kéint ee sech d'Fro stellen, wat da mam Herzogtum Lëtzebuerg geschitt wier, wann de Keeser kontaktéiert hätt kënne ginn a wann hien zougesot hätt. Mä d'Restauratioun vum éisträichesche Regime huet net laang gedauert: d'Franséisch Revolutioun huet sech geschwënn "exportéiert" an huet ë. a. d'Gebidder vun den Éisträicheschen Nidderlanden a vun de Principautéite Léck, Bouillon a Stavelot-Malmedy iwwerholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Xavier Mabille, Histoire politique de la Belgique - Facteurs et acteurs de changement ; Bréissel, Verlag vum C.R.I.S.P., 1986 (= 1. Oplo).
  • Henri Pirenne & Jérôme Vercruysse, Les États Belgiques Unis - Histoire de la révolution belge (sic!) de 1789-1790 ; Paräis & Louvain-la-Neuve, Verlag Duculot, 1992.
  • John Gilissen, Le régime représentatif avant 1790 en Belgique ; Bréissel, Verlag La Renaissance du Livre, Kollektioun Notre Passé, 1952; Ss. 123-130.
  • Gilbert Trausch, Les Habsbourg, incarnation de l'Empire au Luxembourg à la fin du XVIIIe siècle: fidélité dynastique et manque de conscience impériale ; in: Études sur le XVIIIe siècle , Bd. XV, Bréissel (ULB), 1988; Ss. 133-148.
  • Hervé Douxchamps, Le Grand-Duc de la Belgique ; in: Le Parchemin - Bulletin bimestriel édité par l'Office généalogique et héraldique de Belgique , 58. Joer, Nr. 286 (Juli-August 1993); Ss. 218-235.
  • Edouard Marc Kayser, Du Grand-Duché de Belgique mort-né au Grand-Duché de Luxembourg partagé - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle ; in: récré 10 (1994); Dikrech, Publikatioune vun der APESS; Ss. 169-188.