Vereinigung der Sternfreunde

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Vereinigung der Sternfreunde (VdS) ass deen zueleméisseg stärkste Verband vun Amateurastronomen an Däitschland. Hie gouf als Noleefer vum Bund der Sternfreunde (BdS) am Joer 1953 an d’Liewe geruff an ëmfaasst eng Memberschaft vu 4000 Amateurastronomen a Beruffsastronomen (Stand 2008).

D'Aufgab vum VdS besteet an der Fërderung vun der Astronomie an der Ëffentlechkeet souwéi d'fachlech Weiderbildung, Betreiung an Informatioun un d'Memberen. Si huet awer net d'Funktioun vun engem Dachveräin.

De VdS huet 18 Fachgruppen, déi zënter 1983 ageriicht goufen a sech mat spezielle Theme beschäftegen:

De VdS gëtt 4x am Joer un hir Memberen eng Zäitschrëft mam Numm VdS-Journal eraus, déi am Joer ronn 450 Säite staark ass an Artikele vu spezielle Fachgruppen als Schwéierpunktthema hunn.

Zënter 1992 gëtt et ënnert der Projetbezeechnung “VdS-Sternwarte” eng partnerschaftlech Zesummenaarbecht mat dem Observatoire Kirchheim, fir de VdS-Memberen den Zougank zu gréisseren Teleskopen (30 cm-Cassegrain an e 50 cm-Newton) z'erméiglechen.

Eemol am Joer gëtt d'VdS-Medail fir besonnesch Aktivitéiten op dem Gebitt vun der Amateurastronomie iwwerreecht. Eemol am Joer gëtt och een Astronomiedag organiséiert.

[änneren] Um Spaweck

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen