Vermont

Vu Wikipedia
Vermont
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Green Mountain State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Montpelier
Gréisst Stad: Burlington
Gouverneur: Phil Scott
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 45. Plaz
24.923 km²
4,1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 49. Plaz
643.077 (2020)[1]
26,95/km²
Opgeholl als Memberstaat: 4. Mäerz 1791 (14ten)
Zäitzon: UTC-5/-4

De Vermont ass e Staat am Nordoste vun den USA.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Vermont grenzt un d'US-Bundestaate Massachusetts am Süden, New Hampshire am Osten, New York am Westen, an d'kanadesch Provënz Québec am Norden. De Lake Champlain markéiert d'Hallschent vum Vermont senger westlecher Grenz mat New York an d'Green Mountains duerchlafen de Staat vun Norde no Süden.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Mat ongeféier 66.000 Awunner méi wéi Wyoming ass Vermont den zweetklengsten US-Bundesstaat, wat d'Bevëlkerungszuel betrëfft. D'Haaptstad ass Montpelier, d'Haaptstad mat de mannsten Awunner an de ganzen USA. Och Burlington, d'Stad mat de meeschten Awunner am Vermont, huet nëmmen 42.000 Awunner.

2015 gouf geschat, datt ronn 620.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 94,8 % als wäiss Amerikaner, 1,84 % als Hispanic/Latino, 1,3 % als Afroamerikaner, 1,6 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 54.447 US-Dollar pro Stot an 29.535 USD op de Kapp[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vermont – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Vermont