Veronica Lake

Vu Wikipedia
Veronica Lake
Portrait ëm 1952
Gebuertsnumm Constance Frances Marie Ockelman
Gebuer 14. November 1922
Brooklyn
Gestuerwen 7. Juli 1973
Burlington
Doudesursaach Hepatitis
Nationalitéit USA
Educatioun McGill University
Aktivitéit Schauspiller, Pilot, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Mannequin, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat John S. Detlie, André De Toth

D'Veronica Lake, gebuer de 14. November 1922 als Constance Frances Marie Ockelman zu Brooklyn am Staat New York, a gestuerwen de 7. Juli 1973 zu Burlington am Vermont, war eng US-amerikanesch Hollywood-Schauspillerin.

No e puer Rollen am Theater ass si ufanks vun den 1930er Jore bei de Film gaangen an huet e puer Niewerolle bei Paramount gespillt. 1941 hat si mat I Wanted Wings hiren Duerchbroch. Besonnesch hir Coiffure déi se do hat gouf duerno vu Millioune Frae kopéiert, an de Studio huet deen Image zu hirem Markenzeeche gemaach. E weider grousse Succès dat Joer war This Gun for Hire mam Alan Ladd, mat deem se zesummen nach e puer aner Filmer gedréint huet. Och vun 1941 ass Sullivan's Travels vum Preston Sturges, wou si mam Joel McCrea d'Haaptroll hat. Dat Joer drop war si mam Fredric March am René Clair sengem Kaméidisfilm I Married a Witch an der Titelroll ze gesinn. 1943 hat si en Optrëtt an der Propagandarevue Star Spangled Rhythm an och hir bescht Roll am Krichsfilm So Proudly We Hail!, wou s'eng Infirmière spillt, déi vun de Japaner gefaange geholl gouf.

No 1944 ass der Veronica Lakes hir Carrière séier op en Enn gaangen. Si war extreem onbeléift bei hire Kolleegen a war zanter den 1940er Joren eng staark Alkoholikerin. An den 1950er huet se nach an där enger oder anerer Tëleesserie matgespillt, an huet nach eng Kéier 1966 an 1970 zwéi Filmer gedréint, déi awer weider kee Succès haten.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Veronika Lake, Donald Bain: Veronica - The Autobiography of Veronica Lake. Bantam Books, 1972.
  • Jeff Lenburg: Peekaboo - The Story of Veronica Lake. Universe, 2001, ISBN 0-595-19239-4.
  • Brenda J Mills: Veronica Lake: A Photo Gallery: The Peekaboo Blonde. CreateSpace, 2008, ISBN 1-4404-0969-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veronica Lake – Biller, Videoen oder Audiodateien