Via Francigena

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schëld vun der Via Francigena

Als Via Francigena, och nach Frankestrooss oder Frankewee genannt, ginn allgemeng déi al Weeër bezeechent, déi Pilger aus dem Frankeräich op hirem Wee op Roum gaange sinn. Dacks begéint een och der Bezeechnung Via Romea.

Haut versteet een ënner der Via Francigena e Wäitwanderwee vu Canterbury op Roum, deen am Joer 2004 vum Institut européen des itinéraires culturels als Europäesch Kulturstrooss unerkannt gouf. Den internationale Vëloswee EuroVëlo 5 gëtt och nach Via Romea Francigena genannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vëlospist EuroVëlo 5.

A sengem Buch mam Titel Der Freudenweg beschreift de lëtzebuergeschen Auteur Michel Hubert seng Wanderung iwwer d'Via Francigena, vu Lëtzebuerg iwwer Assisi bis op Roum.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Burkhardt, B., 2008. Via Jakobi & Via Francigena, Auf Pilgerwegen nach Rom. Jakobsweg-Team, Winnenden. ISBN 978-3-9812350-0-5.
  • Dürr, B., 2000. Himmlische Reisen. Auf Spuren von Pilgern und Mönchen durch das alte Italien. Bastei, Bergisch Gladbach. ISBN 3-404-14356-6.
  • Gattinger, R. & G. Kerschbaum, 2005. Via Francigena - Zu Fuß nach Rom. EUROVIA, Wien 2005, ISBN 3-200-00500-9.(DVD-Dokumentatioun).
  • Hubert, Michel, 2010. Der Freudenweg. Auf dem Frankenweg nach Assisi und Rom. 254 S. Projekte-Verlag. 1. Oplo. ISBN 978-3866349155.
  • Jostmann, C., 2007. Nach Rom zu Fuß. Geschichte einer Pilgerreise. Beck, München. ISBN 3-406-55739-2.
  • Kromer, G., 2009. Via Francigena. Auf dem Frankenweg von Canterbury nach Rom. Der Pilger-Reiseführer. Tyrolia-Verlag, Innsbruck-Wien. ISBN 978-3-7022-2984-9.
  • Zweidler, R., 2003. Der Frankenweg - Via Francigena. Der mittelalterliche Pilgerweg von Canterbury nach Rom. Theiss, Stuttgart. ISBN 3-8062-1755-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]