Via Podiensis

Vu Wikipedia
De Jakobswee mat den Haaptdeparten a Frankräich

D'Via Podiensis ass de laténgeschen Numm vun engem vun de véier Jakobsweeër a Frankräich. De Wee geet fort vu Le Puy-en-Velay an déi Stad huet em och den Numm ginn.

D'Streck féiert bis an déi baskesch Uertschaft Ostabat, wou se mat der Via Lemovicensis an der Via Turonensis zesummeleeft.

Vun där Plaz un, wou déi dräi Weeër zesummekommen, dem sougenannte Carrefour de Gibraltar, geet et mam Camino navarro iwwer de Col de Bentarte an de Pyrenäe weider op Puente la Reina a Spuenien. Et besteet awer och d'Méiglechkeet iwwer Valcarlos an de Col de Roncevaux dohin ze kommen.

Do stéisst de Camino navarro op de Camino aragonés deen d'Verlängerung a Spuenien vun der Via Tolosana ass. Vun do u bis op Santiago de Compostela heescht en da Camino francés.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Via Podiensis – Biller, Videoen oder Audiodateien