Viaduc vu Chinet

Vu Wikipedia
De Viaduc vu Chinet

De Viaduc vu Chinet ass eng fréier Eisebunnsbréck zu Huy an der Provënz Léck.

Et ass eng Boubréck déi aus 9 Béi vun 8 m Breet besteet. Si ass am Stee gebaut.

Iwwer d'Bréck déi 1872 a Betrib goung ass fréier d'Eisebunnsstreck Statte-Ciney gelaf.

D'Bréck féiert iwwer d'Nationale 641 an den Hoyoux en Niewefloss vun der Meuse.

Hir Nopeschbréck ass de Pont de Fer deen zu Huy iwwer d'Meuse féiert.