Viaduc vu Garabit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Viaduc vu Garabit
Thumb
Informatiounen
Land Frankräich
Stad Garabit
Geographesch Lag
Längt 564,84 m.
Gréisst Spaanwäit 165 m
Breet
Héicht (Pilieren) 80 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
Léon Boyer
Gustave Eiffel
Typ Boubréck
Material Metall
Baujoer 1880 -1885
Kategorien
Brécken a Frankräich Boubrécken

De Viaduc vu Garabit ass eng Eisebunnsbréck bei Ruynes net wäit ewech vu Saint-Flour am Cantal. Si läit op der Linn Marvejols-Neussargues a geet iwwer d'Gorges de la Truyère. Et ass eng metalle Bréck an ass vum Gustave Eiffel am Joer 1884 gebaut ginn, mä eréischt 1888 a Betrib geholl ginn.

D'Bréck huet ee stolen Tablier dee 564,85 m laang ass an op siwe Piliere steet, wouvun déi héchst 80 m hunn. Déi dräi Felder iwwer den Dall hunn an der Mëtt ee Bou mat enger Spaanwäit vun 165 m an enger Héicht vun 52 m. Op deenen zwou Säite sinn nach am Stee gebaut Viaduce vu 46 an 71 m. D'Héicht iwwer der Truyére bei Nidregwaasser war bis 1959 122.5 m. Duerch de Bau vum Staudamm zu Grandval ass e Séi entstanen deen 28 km laang ass an de Viaduc ass elo nach 95 m iwwer dem Waasser.

Déi éischt Iddi fir eng metalle Bréck ze bauen war vun dem Ingenieur Léon Boyer, mat dem Gedanke sou eng grouss Ofkierzung ze kréien amplaz durch den Dall ze fueren.

Wéinst de Schwankungen déi Hängebrécken hu war de Bau vun sou enger ausgeschloss ginn. De Léon Boyer hat als Virbild de Viaduc Maria Pia iwwer den Douro a Portugal dee vum Théophil Seyrig engem Associé vum Eiffel gebaut gi war.

Bei der Bréck goufen 20.400 m3 am Stee gebaut. Vun Eisen a Stol goufen 3169 Tonne geschmiedt Eisen, 41 Tonne Stol an 23 Tonne Goss gebraucht. 678.768 Nitte si verschafft ginn, an de Bau vun der ganzer Bréck huet vun 1880 bis 1885 gedauert.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viaduc de Garabit – Biller, Videoen oder Audiodateien