Viaduc vu Jonglënster

Vu Wikipedia
De Viaduc

De Viaduc vu Jonglënster ass eng Stroossebréck um Contournement vu Jonglënster. E féiert vu Westen no Osten iwwer den Dall vun der Schwaarzer Iernz an iwwer den CR129.

D'Bréck ass 444 m laang an déi gréisst Héicht ass 30 Meter iwwer dem natierlechen Terrain. D'Breet vum Bëtongstablier ass 17 Meter wat der Breet vun dräi Fuerbunnen entsprécht.

D'Pilieren aus arméiertem Bëtong sinn huel an hir Héicht variéiert tëscht 3 an 20 Meter.

Längt vun de Felder: 1×55,5m; 3×111m; 1×55,5m.

Et ass eng gemëscht Bréck aus stolen Huelkëschtendunnen op deenen eng virgespaant Bëtongsdall mat variabler Déckt läit.

Fir de Bau goufen déi eenzel Deeler, d. h. déi 4 Fachwierkdunnen, déi a Cantileverbauweis sinn an déi 3 Zentralstécker um Buedem préparéiert an duerno mat Schwéierlaaschtkranen an hir definitiv Positioun bruecht, wou se zesummegeschweesst goufen.

Enn Januar 2014 war d'Stolkonstruktioun vun dräi Felder fäerdeg. Zënter dem 18. September 2015 ass de Contournement, an deemno och d'Bréck, fir de Verkéier op.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viaduc vu Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien