Viana do Castelo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Haaptplaz am Zentrum vun der Foussgängerzone

Viana do Castelo ass eng portugisesch Stad an der Regioun Norte an der Ënnerregioun Minho-Lima. Viana ass d'Haaptstad vum Distrikt vu Viana do Castelo.

D'Stad mat hire 36.750 Awunner ass de Sëtz vun enger 314,36 km2 grousser Gemeng déi 83.000 Awunner zielt. D'Gemeng ass weider ënnerdeelt a 40 administrativ Ënnereenheeten.

D'Gemeng grenzt am Norden un d'Gemeng Caminha, am Osten Ponte de Lima, am Süden Barcelos e Esposende an am Westen un den Atlanteschen Ozean.

D'Geschicht geet wäit zréck virun eiser Zäitzielung, wéi Ruinen vun engem Kastell um Hiwwel vu Santa Lucia beleeën.

Am Joer 1258 krut d'Uertschaft säin éischten Liichttuerm vum Kinnek Afonso III vu Portugal an de Numm Viana da Foz do Lima wéinst senger geographischer Lag. 1848 krut d'Uertschaft hire Stadbréif vum Dona Maria II an och hire neie Numm Viana do Castelo.

[änneren] Kuck och

Commons: Viana do Castelo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen