Victor-Bodson-Bréck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Victor-Bodson-Bréck ass eng Schréiseelbréck zu Hesper iwwer den Uelzechtdall, iwwer déi op 2x2 Spuren (+2 Pannespuren) d'Autobunn A1 féiert.
Se gouf 1993 fäerdeggebaut, ass 260 Meter laang, 27 Meter breet a féiert 40 Meter iwwer der Uelzecht. De Potto, un deem d'Seeler festgemaach sinn, huet eng Totalhéicht vun 102 Meter. Domatt ass et eng vun den héchste Konstruktiounen zu Lëtzebuerg.
Se ass benannt nom Victor Bodson, deen ë.a. Transportminister war.
[änneren] Um Spaweck
- D'Bréck op der Websäit vu Ponts et Chaussées
- D'Bréck um Site vu structurae.de/