Victor-Hugo-Literaturmusée

Vu Wikipedia
Bild 1. « La maison que j’habite au coin du pont ».
Zeechnung vum Victor Hugo, 28. Juli 1871

De Victor-Hugo-Literaturmusée, offiziell Musée littéraire Victor-Hugo, ass e Literaturmusée zu Veianen, deen an deem Haus ageriicht gouf, an deem de Victor Hugo vum 8. Juni bis den 22. August 1871 am Exil gewunnt huet.[1]

E gouf den 30. Juni 1935 fir de Public opgemaach. D'Gebai gehéiert der Gemeng Veianen an de Musée gëtt vum Veräin Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden bedriwwen.

Geschicht vum Musée[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Zu där Zäit wou de Victor Hugo zwéin an en hallwe Mount, zu Veianen gewunnt huet, huet d'Haus der Famill Ensch-Scheidweiler gehéiert, déi eng Blofierwerei an e Buttek bedriwwen hunn. De Victor Hugo hat um éischte Stack eng Kummer mat Vue op d'Bréck an op d'Alstad gelount. Seng Famill an déi aner Membere vu senger Reesgesellschaft ware vis-à-vis am Hotel Kaufmann ënnerbruecht[2]. Déi zwou Niesse Caroline[3] a Julie Scheidweiler hunn deemools och am Stot vun hirer Tatta gewunnt. Déi zwou Sëschteren hu spéider d'Haus iwwerholl an hu schonn um Ufank vum 20. Joerhonnert, éier et e Musée gouf, Touristen déi Raimlechkeete gewisen.

Den éischte Musée 1935[änneren | Quelltext änneren]

Am Ëmkrees vun der SELF huet sech 1934 e Victor-Hugo-Comité gebilt ënner der Presidentschaft vum Marcel Noppeney mam Zil, e Musée zu Veianen opzemaachen. Op Dirängele vun der Anne Beffort, déi den deemolege Regierungspresident Joseph Bech gutt kannt huet, huet de Staat d'Haus kaaft an et der Gemeng Veianen iwwerdroen, fir e Musée dran anzeriichten.

1935 war et dunn sou wäit: de Musée gouf den 30. Juni 1935 feierlech ageweit a Presenz vu sëlleger Prominenz, dorënner d'Groussherzogin Charlotte, hire Mann de Prënz Felix, de franséische Botschafter an de President vum franséische Senat. Well zu Zäiten, wou d'Nazien an Däitschland schonn un der Muecht waren, bei dëser offizieller Aweiung keng rieds vun der politescher Dimensioun vum Hugo war, gouf d'Victor-Hugo-Haus zwou Woche méi spéit, de 14. Juli 1935, um franséischen Nationalfeierdag, op Ureegung vun der ASSOSS nach emol ageweit, dës Kéier vun iwwer 2000 Membere vun de Jugendverbänn vun der Lëtzebuerger Lénkser a vum liberale Biergertum. Virop war den Henri Koch[4], Riedner waren ë. a. de Frantz Clément an de Joseph-Émile Muller.

1938 gouf d'Gebai an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.

Am Zweete Weltkrich ass de Musée op bliwwen, mä d'Nazien haten am selwechten Haus eng Filial vun der Gedelit, der "Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst", mat enger ëffentlecher Bibliothéik, déi virun allem "völkisch" Literatur ausgeléint huet.

Bei hirem Réckzuch hunn déi däitsch Truppen den 12. September 1944 d'Bréck gesprengt. Dobäi gouf de Musée sou staark beschiedegt, datt en huet missen ofgerappt ginn. E gouf duerno ënner der Leedung vum veianer Architekt Pierre Grach rekonstruéiert. De Victor-Hugo-Musée zielt domat zu den éischte Gebaier, déi nom Krich zu Veianen nees opgeriicht goufen[5].

Den 1. August 1948 goung de Musée nees op. Bei der feierlecher Aweiung war nees vill Prominenz dobäi: d'Groussherzogin Charlotte, de Prënz Felix an de Robert Schuman, deemools Ausseminister vu Frankräich, deen der Anne Beffort bei där Geleeënheet d'Légion d'honneur iwwerreecht huet[6].

Renovatioun 1971[änneren | Quelltext änneren]

Zum honnertste Gebuertsdag vum leschten Openthalt vum Hugo zu Veianen gouf de Musée eng éischt Kéier ënner dem Professer um Cours universitaires Tony Bourg renovéiert. D'Liewe vum Hugo sollt elo unhand vun Originaldokumenter beliicht ginn.

Renovatioun 1998-2002[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Impuls vum deemolege Buergermeeschter Raymond Frisch gouf 1996 de Comité vum Veräi vun de Frënn vum Victor-Hugo-Haus nei besat a belieft mam Zil, eng Moderniséierung vum Musée op d'Schinn ze setzen. Ënner der wëssenschaftlecher Opsiicht vum Literaturprofesser Frank Wilhelm gouf d'Museographie à jour gesat an de Musée konnt am Kader vun de Feierlechkeete vum 200. Gebuertsdag vum Victor Hugo den 11. Mee 2002 seng Dieren nees opmaachen. D'Regierung war dobäi duerch d'Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges an duerch den Tourissemminister Fernand Boden vertrueden.

Den aktuelle Musée[änneren | Quelltext änneren]

Am Musée ze gesinn[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Renovatioun gouf de Schwéierpunkt op d'Relatioune vum Victor Hugo mat dem Lëtzebuerger Land gesat. E Besuch vum Haus bitt Follgendes:

  • Zëmmer vum Victor Hugo mat den originale Miwwelen, an deem eng Skulptur vum Victor Hugo un engem Sekretär sëtzt ze schreiwen; holographesch Projektioun, Liewenslaf vum Victor Hugo;
  • Originalstécker wéi Bréiwer, Wierker, Fotoen etc.;
  • 70 Panneau-Albume fir ze bliederen;
  • Freske vum Pit Wagner op ville Wänn;
  • Multimedia-Sall mat Computerstatiounen an Internetzougank, Bibliothéik vum Veräin;
  • Audio-guidage a véier Sproochen: Franséisch, Däitsch, Hollännesch an Englesch.
  • Buttek vum Musée.

Déi eenzel Säll[änneren | Quelltext änneren]

Katalogen[änneren | Quelltext änneren]

  • Géint 1966 stellt d'Madeleine Frieden-Kinnen den éischte Katalog zesummen ënner dem Titel: "Une Visite à la Maison de Victor Hugo à Vianden".
  • 1977 publizéiert den Tony Bourg den zweete Katalog « Le Musée Victor Hugo ».[7]
  • 1985 kënnt eng Iwwersetzung vum Tony Bourg sengem Katalog op Hollännesch eraus, iwwersat vum Netty Bendrien.
  • 2003 publizéiert de Frank Wilhelm den drëtte Katalog an dräi Sproochen: "Maison de Victor Hugo à Vianden: Musée littéraire".[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bourg, Tony, 1977. Catalogue du Musée Victor Hugo à Vianden. pp. 33–37 in: Société des Amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, 1977. Victor Hugo au Luxembourg. Luxembourg-Bertrange: Bourg-Bourger, 39 p.
  • Wilhelm, Frank, 2003. Maison de Victor Hugo à Vianden: Musée littéraire. 63 p. Les Amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. [Guide deen et an dräi Sproochversioune gëtt: Franséisch, Däitsch, Hollännesch]
  • Wilhelm, Frank, 2003. Chez Victor Hugo à Vianden: à propos de la réouverture de son musée, in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 24, N° 1: 9-27. Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Musée fënnt een op Nr. 37 an der Avenue de la gare, direkt nieft der Bréck.
  2. Den Hotel Kaufmann war den hënneschten Deel vum haitege Victor-Hugo-Hotel.
  3. D'Caroline Scheidweiler (1854-1930) huet deemools tëscht dem Victor Hugo an hirer Tatta gedolmetscht well si kee Franséisch konnt. D'Caroline Scheidweiler huet den 1. Juni 1885 d'Stad Veianen um Begriefnes vum Victor Hugo zu Paräis vertrueden.
  4. Den Henri Koch-Kent war deemools zanter 1933 President vun der ASSOSS.
  5. An dem Kontext eng witzeg Anekdot: den deemolege Ministère vun der Rekonstruktioun wollt vun der Veianer Gemeng wëssen, ob dee "Sieur Hugo" sech am Krich gutt beholl hat!
  6. De Reportage iwwer déi Aweiung ass den eelste Film iwwer de Victor-Hugo-Literaturmusée, e gëtt am Multimediasall vum Musée gewisen.
  7. Cf. Bourg 1977 an der Literatur.
  8. Cf. Wilhelm 2003 an der Literatur.