Victor Bück

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Reklamm fir d'Dréckerei Victor Bück an der Zäitschrëft Das Luxemburger Land in Wort und Bild (1895)

Victor Bück war eng lëtzebuergesch Dréckerei déi 1852 gegrënnt gouf. Bis an d'1940er Joren era war dës Entreprise och als Editeur täteg, ënner anerem vun Geschichtsbicher.

D'Entreprise, déi sech ewell Victor Buck Services oder VBS nennt, huet sech virun allem an den 2000er Joren, deelweis duerch hir Filial Legitech, op aner Servicer wéi Datemanagement, diversifizéiert. 2009 huet si hir lescht Dréckerei zu Lëtzebuerg, Qatena, zougemaach a léisst zanterhier just nach an der Slowakei, zu Žiar nad Hronom, drécken.[1]

D'Post Luxembourg ass zu 90 % Aktionär vu Victor Buck Services.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Antoine Gaillard: "Coup de tonnerre dans le secteur de l'imprimerie au Luxembourg." op graphiline.com, 29-06-2009.
  2. "P&T monte à 90 % dans Victor Buck Services". paperjam.lu,10.10.2012.