Victor Bodson
De Victor Bodson gebuer de 24. Mäerz 1902 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 29. Juni 1984 zu Munneref, war e lëtzebuergesche Politiker.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Säi Liewen
Hie war Affekot um Barreau vun der Stad a war a jonke Jore Motocylist (Lëtzebuerger Champion 1926) a Schwëmmer. Eng Zäit laang war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de boxe.
De Victor Bodson huet seng politesch Carrière 1930 ugefaangen, wou e Member vun der LSAP gouf. 1934 gouf en an d'Chamber gewielt; 1935 koum en an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Hien huet sech fir d'Spueniekämpfer agesat an huet eng aktiv Roll bei der Campagne géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz gespillt. De 6. Abrëll 1940 gouf hie Justizminister, Bauten- an Transportminister, ass awer, wéi bal all aner Regierungsmemberen, nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, op London an den Exil gaangen.
No der Befreiung hat hien déi selwecht Portefeuillën a war als Justizminister, matverantwortlech fir d'Epuratioun an der Regierung vun der Befreiung an an där vun der Nationaler Unioun (bis den 1. Mäerz 1947). 1948 an 1951 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt a gouf 1951 an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson an duerno an der Regierung Bech-Bodson Justiz-, Bauten- an Transportminister.
1961 bis 1964 war hie Member vum Staatsrot, a gouf 1964 nees an d'Chamber gewielt, zu där hirem President en nominéiert gouf.
1967 gouf hie Member vun der Europäescher Kommissioun (bis 1970), zoustänneg fir den Dossier Transport.
[änneren] Gerechten ënner den Natiounen
Op der offizieller Erënnerungsplaz un d'Märtyrer an d'Helde vum Staat Israel am Holocaust, dem Yad Vashem zu Jerusalem gëtt un de Victor Bodson erënnert als eenzege Lëtzebuerger "Gerechten ënner den Natiounen", well hien ënner Liewensgefor eng Honnert Judden an der Shoah-Zäit virun de Preise gerett huet. Judden déi aus Däitschland duerch d'Sauer eriwwer geschwomm sinn huet hien a sengem Haus zu Steenem opgeholl an da mat der Hëllef vu Frënn a Sécherheet bruecht.
[änneren] Bodson-Bréck
D'Autobunnbréck zu Hesper op der A1 iwwer d'Uelzecht, mat enger Haaptspanwäit vun 130 m, ass nom Victor Bodson genannt ginn.
[änneren] Bibliographie
- Dostert, Paul 2003: Victor BODSON 1902-1984. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 387-388. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
- Haag, Emile: Victor Bodson *1902 †1984, l'homme d'action tous azimuts In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 466-471); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
[änneren] Kuckt och
- Yad Vashem
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Politiker
- Chamberpresidenten
- Lëtzebuergesch Membere vun der Europäescher Kommissioun
[änneren] Um Spaweck
- D'Yad Vashem Fiche vum Victor Bodson (en) archivéiert
- Websäit iwwer d'Victor-Bodson-Bréck(fr)(de)(en)