Victor Fenigstein

Vu Wikipedia
Victor Fenigstein
Gebuer 19. Dezember 1924
Zürich
Gestuerwen 12. Januar 2022
Nationalitéit Schwäiz, Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Musekspedagog

De Victor Fenigstein, gebuer den 19. Dezember 1924 zu Zürich a gestuerwen den 12. Januar[1][2] 2022[3], war e Schwäizer Pianist a Komponist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Scho ganz fréi huet de Victor Fenigstein Gei a Piano geléiert. Wärend senger Lycéeszäit huet hie sech op de Piano konzentréiert. 1943 huet hie seng Matura gemaach an 1945 krut hie säin Diplom als Pianosprofesser. 1946 huet hie sech mat der Marianne Sigg verloobt. Déi zwee goufen 1949 bestuet an d'Koppel krut zwee Meedercher. Si war Protestantin a gouf net vum Victor senger Famill akzeptéiert. 1948 gouf hien éischten am Concours fir eng Plaz als Pianosprofesser am Stater Conservatoire an hien ass dunn op Lëtzebuerg geplënnert wou hie bis zu senger Pensioun 1985 geschafft huet.

De Victor Fenigstein huet zu Mutfert gewunnt.

2009 huet de Victor Fenigstein déi lëtzebuergesch Nationalitéit kritt.[3]

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • 1940-56: Zyklus aus deiner Jugend (mittlere Stimme und Klavier)

Nom Hermann Hesse 1. Über die Felder 2. Berceuse 3. Der Strassenkehrer 4. Im Nebel 5. Die Blutbuche 7. Entschluss 6. nom Rilke Stimme eines Bruders

  • 1953: Streichtrio
  • 1954: Six réactions sur un thème de rythme (Sträichquartett)
  • 1953-54: Et le jour se leva pour lui (4 Soli, Chour an Orchester)
  • 1955-58: The Teens' Sonatina (Piano)
  • 1960: Concerto für Oboe und Streicher (Norbert Mattern, RTL-Sinfonieorchester)
  • 1962: Legende (Cello a Chamberorchester)
  • 1964: Neuf réactions sur un thème de rythme (6 Percussionnisten)
  • 1964-67: Études concertantes I muratori
  • 1966: Petite suite des temps jadis
  • 1970: Three events (Piano a klasseschen Orchester)
  • 1972: Was ist.. (Piano mat 4 Hänn)
  • 1974: Passages (Trompett a Sträicher)
  • 1974: Two Pieces (Flütt a Sträicher)
  • 1974: Trois esquisses juives (Kontrabass a Sträicher)
  • 1974: Vier Rufspiele (Flütt a Piano)
  • 1978: Mara-(Im)-Pulse (Sträichorchester)
  • 1979: Berlocken-Tänze (Klarinettequartett)
  • 1979: Seventeen Millions (Rezitator, Mezzo, groussen Orchester)
  • 1986: Heilige Johanna der Schlachthöfe (Singespiel)
  • 1986: 154 Liebessonette von Shakespeare
  • 1989: Die Mutter des Mörders (Singespiel)

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Viktor Fenigstein am Luxemburger Wort vum 18. Januar 2022 op der Säit 32
  2. Luxemburger Wort EN, Trauern Sie um Viktor Fenigstein. www.gedenken.lu Archivéiert op 2022-01-20. Gekuckt de(n) 2022-01-20.
  3. 3,0 3,1 3,2 "Ein Kämpferherz - Komponist und Klavierdozent Victor Fenigstein im alter von 97 Jahren gestorben" vum Daniel Conrad am Luxemburger Wort vum 15/16. Januar 2022 op der Säit 20
  4. Distinction honorifique pour M. FENIGSTEIN op der Säit 52 vum Bulletin d'information et de documentation 1/96 JANVIER/FEVRIER/MARS publizéiert op www.gouvernment.lu