Victor Thorn

Vu Wikipedia
Victor Thorn
Gebuer 31. Januar 1844
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 15. September 1930
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Riichter
Partei Liberal Liga
De Victor Thorn ass um Nikloskierfecht begruewen.

De Victor Thorn gebuer den 31. Januar 1844 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 15. September 1930 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Thorn huet vun 1863 bis 1866 zu Gent, Heidelberg an Dijon Droit studéiert.

1867 gouf hien Affekot an huet bis 1883 an der Magistratur geschafft. 1883 gouf hie Staatsprocureur.

Tëscht 1885 an 1888 war e Member vum Staatsrot.

Vun 1888 bis 1892 war hie Generaldirekter (Minister) fir ëffentlech Bauten an der Regierung Eyschen.

1899 gouf de Victor Thorn Procureur général.

1915 war en an der Regierung Mongenast Minister fir Justiz an ëffentlech Bauten.

1916 huet d'Regierung Loutsch, déi no där vum Mongenast um Rudder war, missen demissionéieren, well s'e de Vertrauensvott an der Chamber net iwwerstanen hat.

E knappse Mount méi spéit konnt de Victor Thorn eng nei Regierung presentéieren, an där déi dräi grouss Parteie vertruede waren. Et goung virun allem drëms, d'Versuergungskris am Land, déi duerch de Krich ëmmer méi grouss gouf, meeschter ze ginn. D'Regierung huet d'Liewensmëttel rationéiere gelooss an Héchstpräisser festgeluecht, mä doduerch gouf just de Schwaarzmaart gestäerkt an d'Spannungen tëscht der Stad- an der Landbevëlkerung vergréissert.

1917 koum et am Minett zu engem Streik, dee vun der däitscher Arméi opgeléist gouf. Schliisslech huet de Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertraue vun der Chamber entzu kritt, a mat him ass déi ganz Regierung gefall.

Vum 19. Juni 1917 bis zu sengem Doud war de Victor Thorn President vum Staatsrot. Vun 1921 bis 1927 war hie permanente Member vun der Cour d'Arbitrage zu Den Haag.

De Victor Thorn war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]

Hien ass 1930 an der Stad gestuerwen.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Victor Thorn z'erënneren huet de Stater Schäfferot de 14. Juni 1962 decidéiert eng Strooss no him ze benennen; de boulevard Victor Thorn verbënnt vun den Dräi Tierm aus de boulevard Jean Ulveling mam Clausener Bierg.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  2. "Victor Thorn". aus: 'Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 17 - page 105 op luxemburgensia.bnl.lu
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1920 Memorial A N° 8 vun 1920 Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-06.