Victor Wassenich

Vu Wikipedia
Victor Wassenich
Gebuer 16. August 1922
Gestuerwen 25. Mäerz 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Victor Wassenich, gebuer de 16. August 1922 zu Beetebuerg a gestuerwen de 25. Mäerz 1975, war e lëtzebuergeschen Ornitholog an Zwangsrekrutéierten.

Den Zwangsrekrutéierten[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Wassenich war en Zwangsrekrutéierten. Vum 18. Abrëll bis de 25. September 1942 war hien am RAD a vum 8. Dezember 1942 un an der Wehrmacht. De 15. Dezember 1943 ass hien an Italien desertéiert an zu den Alliéierten iwwergelaf, déi hien awer fir d'éischt emol als Krichsgefaangenen an Italien an an Algerien agespaart hunn. Am Juli 1944[1] ass hie schliisslech bei d'Brigade Piron respektiv d'Luxembourg Battery komm. Am Juni 1945 gouf hien aus dem Militärdéngscht entlooss. Duerno gouf hie Maschinist bei der CFL.[2]

Den Ornitholog[änneren | Quelltext änneren]

De Vic. Wassenich huet sech vun 1939 un am Vulleschutz engagéiert. Seng Observatioune publizéiert hien am Bulletin vun der Vulleschutzliga. Am Joer 1965 iwwerhëlt hien d'Redaktioun vum « Regulus » aus der Hand vum Marcel Hulten mat deem hien zënter 1951 zesummeschafft.

De Wassenich ass den Auteur vu villen Artikelen am « Regulus ». Hien ass de Coauteur, zesumme mam Marcel Hulten, vum Wierk « Die Vogelfauna Luxemburgs », dat an den « Archives » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal an zwéin Deeler 1961 respektiv 1962[3] erauskomm ass. D'Membere vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) kruten dovu jee een Ofzuch gratis[3]. Am Joer 1963 ass dat Ganzt als Sonnerdrock vu ronn 300 Säiten, dee bei der Vulleschutzliga fir 70 Frang ze kréie war, erauskomm[4].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1960. Die bekanntesten Vögel Luxemburgs. Bilderatlas der heimischen Vogelwelt. Zweite, erweiterte Auflage. Neubearbeitet im Auftrage des Luxemburger Landesverbandes für Vogelkunde und Vogelschutz von M. Hulten und Victor Wassenich. Ministerium für Nationale Erziehung in Luxemburg (ed.), Bern, Hallwag AG, 80 S.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1961. Die Vogelfauna Luxemburgs. I. Teil. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 27 (1960), S. 293-422.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1962. Die Vogelfauna Luxemburgs. II. Teil. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 26 (1961), S. 339-488.
  • Wassenich, V., 1962. Zur kürzlichen (Brut-) Ausbreitung des Trauerschnäppers (Ficedula hypoleuca) in Luxemburg. Regulus 7 (11), S. 247-257.
  • Wassenich, V., 1962. Weitere Kiebitz-Bruten (Vanellus vanellus) im Luxemburgischen nachgewiesen. Regulus 7 (7), S. 139-148.
  • Wassenich, V., 1964. Der Bestand von Mäusebussard und Turmfalke in Luxemburg. Regulus 8 (2), S. 24-35.
  • Wassenich, V., 1965. Biotop und Bestand der Rohrammer, Emberiza schoeniclus (L.), in der Bettemburger Gegend. Regulus 8 (7), S. 138-145.
  • Wassenich, V., 1965. Vom Schlangenadler, Circaëtus gallicus, seltener Sommergast an Luxemburgs Südgrenze. Regulus 8 (12), S. 247-257.
  • Wassenich, V., 1967. Die Brutvögel der luxemburgischen Schloss- und Burgruinen. Regulus 9 (3), S. 47-60.
  • Wassenich, V., 1968. Durchzug und Ueberwinterung der Kornweihe. Notizen über Phänologie, Jagdweise, Nahrung und Gewohnheiten am Schlafplatz von Circus cyaneu. Regulus 48 (1968), N° 9, S. 214-225.
  • Wassenich, V., 1968. Bestand der Saatkrähe, Corvus frugilegus, in Luxemburg. 1. Teil. Regulus 48 (1968), N° 12, S. 293-299.
  • Wassenich, V., 1969. Bestand der Saatkrähe, Corvus frugilegus, in Luxemburg. (2. Teil und Schluss). Nachträge. Regulus Jg. 49 (1969), N° 13, S. 317-326.
  • Wassenich, V., 1969. Nachweis des Kolkraben, Corvus corax, im Kanton Echternach. Regulus Jg. 49 (1969), N° 17, S. 418-422.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1970. Vogelkunde in Luxemburg unter besonderer Berücksichtigung des Zeitraums 1920 bis zur Gegenwart. Regulus 10 (2-5), S. 68-76.
  • Wassenich, V., 1972. Der Zwergadler, Hieraëtus pennatus, in Luxemburg. Regulus Jg. 52 (1972), N° 15, S. 416-420.
  • Wassenich, V., 1973. In memoriam: Marcel Hulten (1912-1973). Regulus 11 (2), S. 23-26. [1]
  • Wassenich, V. (†), 1975. Über die Brauchbarkeit einer künstlich angelegten Wasserstelle in Flussregenpfeifer-Biotopen. Regulus Jg. 55 (1975), März/April, S. 293-298.
  • Wassenich, V. (†), 1975. Schwerpunktvogelschutz, ja oder nein ? Regulus 55 (1975), Mai/Juni/Juli/ August, S. 333-340.
  • Wassenich, V. (†),1977. Die ökologische Bedeutung der Kopfweide in der Kulturlandschaft. Cahiers de la nature, N° 1, S. 7-8.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. An engem Questionnaire, deen de Wassenich 1968 ausgefëllt huet, steet, hie wier vum 15.12.43 bis de « 15.7.43 » a Gefaangenschaft gewiescht Dokument vum Victor Wassenich op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu. Et ass unzehuelen, datt et sollt heesche bis de « 15.7.44 ». Dat ass bei Massard 2015, S. 167, an deem Sënn ze verbesseren.
  2. Massard 2015, S. 167.
  3. 3,0 3,1 Massard 2015, S. 164.
  4. d'Letzeburger Land 1963, Nr. 25 (21. Juni), S. 5 (Kreuz und Quer)