Vielsalm
Vielsalm ass eng Uertschaft a Gemeng mat 7.356 Awunner (den 1. Juli 2005) an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Si läit um Floss Salm, dohier säin Numm. Vielsalm (Viye Såm op wallounesch) kënnt vu Vieille Salm - Al Salm, well de Schlasshär eng Kéier eng nei Uertschaft gegrënnt hat (dat haitegt Salm-Château). Déi al Uertschaft gouf spéider nees bewunnt a krut esou hiren Numm.
Aner Uertschaften an der Gemeng si Bihain, Fraiture, Grand-Halleux a Petit-Thier. Och deen zweethéchsten Hiwwel vun der Belsch, d'Baraque de Fraiture (652 m) läit an där Gemeng. Am Wanter kann een do Wantersport maachen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Vielsalm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Étalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maartel - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin