Vierendeelbréck
| Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Vierendeelbréck ass eng Bréck, déi mat Vierendeelträgere gebaut ass. Et ass eng speziell Form vun Dunnebréck.
E Vierendeel-Träger ass en Träger aus véiereckege Rummen ouni Diagonalverstriewungen.
E kann am arméiertem Bëtong sou wéi d'Soyer-Bréck zu Tournai oder, wéi déi meescht, aus Stol sinn.
E gouf nom belschen Ingenieur Arthur Vierendeel (1852-1940) genannt.
Déi éischt Vierendeelbréck war aus Stol, an ass iwwer d'Schelde tëschent Avelgem a Ruien am Joer 1904 gebaut ginn.
Déi Brécke sinn an der Belsch haaptsächlich als Eisebunnsbrécke gebraucht ginn. Vun 1939 un huet ee se bal iwwerall iwwer den Albertkanal gesinn.
Duerch d'Vergréisserung vum Kanal sinn der vill verschwonnen.
Dacks erkennt ee se net direkt erëm, well der vill ofgeronnte Strukturen hunn an duerfir gär mat Boubrécke verwiesselt ginn.
Vierendeelbrécken an der Belsch [änneren]
| Stad | Baujoer | Geet iwwer | Zoustand | Ersat duerch |
|---|---|---|---|---|
| Avelgem/Ruien | 1904 | Schelde | gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert | |
| Kanne | 1939 | Albertkanal | ofgerappt (2004/2005) | Bréck vu Kanne |
| Lanaye | 1935 | Albertkanal | ofgerappt (1982) | Bréck vu Lanaye |
| Ousselgem | 1910 | Leie | ||
| Herstal | 1938 | Albertkanal | ofgerappt (1989) | Bréck vu Wandre |
| Adinkerke | ||||
| Brugge | Kanal Gent-Brugge-Zeebrugge | a Betrib | ||
| Gellik | 1938 | Albertkanal | Monument | |
| Léck | 1938 | Kanal vu Monsin | a Betrib (Eisebunnsbréck) |
Biller vun anere Vierendeelbrécken [änneren]
|
Gustav-Heinemann-Bréck zu Berlin
|
Vierendeelbréck zu Ooidonk iwwer d'Leie
|
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Vierendeelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |