Viichtbaach

Vu Wikipedia

D'Viichtbaach ass eng kleng lëtzebuergesch Baach am Kanton Réiden.

Si entsteet op enger Héicht vun 285 Meter aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen, déi eng déi aus Weidewisen erofleeft, an déi aner déi aus Kouschent kënnt. Déi zwou Baache lafen zu Viichten beim fréiere Wäschbuer am Burewee am Nordoste vu Viichten zesummen.

Duerno leeft d'Baach a Richtung Südosten, an am Ausgank vun der Uertschaft leeft vu lénks d'Buttebaach dran. No deem Zesummefloss leeft se an engem schmuelen Dall , tëscht de Bëscher Scheierbësch an Härenhecken, an Direktioun vun der Betzemillen. Do leeft se ënner der N22 erduercht, an ënner der fréierer Eisebunnsstreck Atertlinn, fir dann no 250 Meter op enger Héicht vun 225 Meter vu lénks an d'Atert ze lafen.

D'Viichtbaach ass ronn 5.400 Meter laang.