Viktor Hambarzumjan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Viktor Hambarzumjan (Portrait op engem Geldschäin)

De Viktor Hambarzumjan, gebuer den 18. September 1908 zu Tiflis, Georgien, a gestuerwen den 12. August 1996 zu Bjurakan bei Jerewan, Armenien, war en armeneschen Astrophysiker an Astronom. Duerch déi an der UdSSR normal Russifizéierung ass hien auswäerts vun Armenien virun allem als Wiktor Amasaspowitsch Ambarzumjan oder Viktor Amazaspovich Ambartsumian (russesch: Виктор Амазаспович Амбарцумян) bekannt ginn.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Viktor Hambarzumjan hat säi Studium un der Staatlecher Universitéit Leningrad ofgeschloss. Vun 1928 bis 1931 hat hie mam Aristarkh Belopolsky um Pulkowo-Observatoire geschafft a war vun 1934 bis 1943 Professer zu Leningrad. 1946 hat hien den Astrophysikaleschen Observatoire vu Bjurakan gegrënnt. 1947 huet hien d'Stärenassociatiounen entdeckt an essentiell Aarbechten zum Stärenopbau, zu Novaausbrëch an instabile galaktesche Käre geliwwert. Hie gouf Member vun der Armenescher Wëssenschaftsakademie a war vun 1947 bis 1993 hire President.

Hien hat als éischten e Buch a Russland iwwer theoretesch Astrophysik geschriwwen an hat als éischten d'Opfaassung vertrueden, datt T-Tauri-Stären astronomesch gesi ganz jonk sinn.

Vu 1961 bis 1964 war hie President vun der Internationaler Astronomescher Unioun.

An der Lëscht vun de "wichtegste Persoune vum 20. Joerhonnert" vum Time Magazine gouf den Hambarzumjan am Joer 2000 an der Kategorie "Wichtegst Wëssenschaftler an Denker" op Plaz 3 ënner den éischten zéng Perséinlechkeete gewielt.[1]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Viktor Hambarzumjan hat véier Kanner. Säi Jong Ruben Hambarzumjan ass Mathematiker, spezialiséiert op stochastesch Geometrie, a Member vun der Armenescher Wëssenschaftsakademie, a säi Jong Rafael Hambarzumjan ass Laser-Physiker.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Das Weltall. J. A. Barth, Leipzig 1953
  • Die Sternassoziationen und die Entstehung der Sterne. Akademie-Verlag, Berlin 1951
  • Philosophische Probleme der Physik der Elementarteilchen. Mainz, München 1966
  • Philosophische Probleme der modernen Kosmologie. Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1965
  • Probleme der modernen Kosmogonie. Akademie-Verlag, Berlin 1980
  • Struktur und Formen der Materie, dialektischer Materialismus und moderne Naturwissenschaft. Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1969
  • Theoretische Astrophysik. Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1957
  • V.A.Ambartsumian. Selected papers: Stars, Nebulae and Galaxies. Editor G.Meylan, Cambridge Scientific Publishers, v.1 (450pp.), v.2 (450pp.), 2006.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. The Most Influential People of the 20th Century poll Scientists & Thinkers, Time Magazine 2000 (archivéiert Versioun vum 8. Abrëll 2000)