Villa Werling

Vu Wikipedia
Villa Werling
D'Villa Werling (an der Mëtt vun der Foto), géint 1900
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress Stadhausplaz
Koordinaten 49° 36’ 41.5’’ N
      6° 08’ 06.1’’ O
Datum vum Bau 1888

D'Villa Werling war en herrschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch um Bock (rue Sigefroi), op der anerer Säit vum Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel.

D'Villa gouf am Joer 1888 als Privathaus vum Banquier Ernest Werling (Banque Werling, Lambert et Cie) gebaut. D'Haus hat op zwou Säiten en Erkertuerm.

Nom Doud vum Werling gouf d'Haus 1920 un den Hans Dumont verkaaft. An der Zäit vun der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war am Haus d'Nationalsozialistische Volkswohlfahrt ënnerbruecht.

Nom Krich ass de Staat Proprietär vum Haus ginn an huet do an de Joren 1957-1959 am modernistesche Stil d'Gebai vum Staatsrot baue gelooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Werling – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]