Villa Bonaventure Guillaume Pescatore

Vu Wikipedia

D' Villa Bonaventure Guillaume Pescatore war en härschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch um Boulevard Royal, um Eck mat der Avenue Amélie.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa gouf 1879 no de Pläng vum franséischen Zivilingenieur Oscar Belanger als Wunnhaus fir de Banquier Guillaume Bonaventure Pescatore gebaut.

Nodeems d'Villa méi spéit duerch Ierfschaft un d'Famill Le Gallais iwwergaang ass, gouf se un d'ARBED verkaaft. D'ARBED huet d'Villa un de belsche Staat verlount dee se vun 1923 un als Botschaft benotzt huet. Vun 1955 u war et déi belsch Ambassade, bis dës 1972 op Hollerech geplënnert ass. D'Villa war duerno awer nach bis 1985 d'Residenz vum Ambassadeur ier d'Villa dunn ofgerappt gouf[1].

Op där Plaz wou sengerzäit d'Villa Pescatore stoung, gouf uganks der 1990er Jore vum amerikaneschen Architektebureau „Arquitectonica“, zesumme mam Architektebureau Georges Reuter de Siège vun der Banque de Luxembourg gebaut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An der Quell Phillipart stinn zwéi verschidden Datumme wéini d'Villa ofgerappt gouf: 1985 an 1990