Villa Louvigny

Vu Wikipedia
Villa Louvigny
D'Villa Louvigny (2017)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress Allée Marconi, 2120 Luxembourg
Koordinaten 49°36'41"N, 6°7'21"O
Architekt(en) Pierre Reuter, Nicolas Schmit, Hubert Schumacher, Pierre Schaack
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1871
Opgaangen 1936

D'Villa Louvigny ass e Gebai am Park vun der Stad Lëtzebuerg, dat op der Plaz vum ale Reduit Louvigny vun der Festung Lëtzebuerg steet, deen hir den Numm ginn huet. Si war 64 Joer laang de Sëtz vun der CLT (haut RTL Group).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Reduit op deem méi spéit d'Villa Louvigny opgeriicht gëtt, war 1672 gebaut a gouf nom Festungskommandant Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny genannt ginn. Wéi d'Festung ofgerappt gouf, ass de Reduit den 28. November 1868 fir 9.600 Frang un d'Konsorten xxx André a Joseph Simons versteet ginn, a gouf an e Restaurant mat Festsall ëm- an ausgebaut. Den éischten Exploitant dovu war den Adolphe Cahen, deen deemools och Proprietär vum Café du Commerce op der Plëss war. De Cahen huet sengem Betrib den Numm Villa Louvigny ginn. Et war dat éischt Amusementslokal an der Stad dat am Fräie louch. Nom Cahen gouf d'Villa vum Hubert Klein an duerno vu sengem Fils Jean-Pierre Klein (Kleens Jampier[1]) bedriwwen[2].

An de Säll vun der Villa Louvigny goufe Varieté-Representatiounen a soss Attraktiounen organiséiert, 1896 zum Beispill gouf et den „Titanen-Kampf“ tëscht de Bridder Travelli, de „Fielse vun Elsass-Loutrengen“, an dem John Grün, dem Munnerëffer Kraaftmënsch, an et gouf (no Iechternach) eng éischt Kéier e Film vun de Bridder Lumière an der Stad gewisen.

Bei der Villa Louvigny gouf et och eng Sand-Keelebunn, Billardsdëscher an e Vëlodrom mat engem Vëlosbuttek an enger Vëlosschoul[2],[3]. Kuerz virum Éischte Weltkrich gouf d'Villa Louvigny an eng Haushaltungsschoul ëmfunktionéiert an et gouf och eng Spillschoul dran[2]. Wärend dem Krich huet d'Haushaltsléierin Anne Neumann bei der Villa Schwäin a Gefligel gehalen an d'Fleesch an d'Eeër do verkaf.

Nom Doud vun der Anne Neumann ass d'Immobilie un de Louis Hartmann iwwergaangen, deen d'Haushaltungsschoul einstweile weidergefouert huet. 1926 huet hien d'Villa un den Nottär Edmond Reiffers verkaaft, deen do e Casino etabléiere wollt, de Projet konnt awer net ëmgesat ginn.

1932 huet d'Compagnie luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi kuerz virdru gegrënnt gi war, fir vu Lëtzebuerg aus Radiosemissiounen auszestralen, d'Villa Louvigny gelount an de 15. Mäerz dat Joer duerno, ass déi éischt Emissioun ausgestraalt ginn. D'CLR huet d'Villa ronn dräi Joer laang ëmgebaut an huet se 1937 mam Terrain ronderëm fir 3,5 Millioune Frang opkaf.

Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Villa vun der däitscher Besatzung zur Ausstralung vun hire Sendungen iwwer de „Reichssender Berlin“ benotzt ginn. D'Gebai verfält wärend där Zäit ëmmer méi. Een Dag no der Befreiung hunn d'Amerikaner den 11. September 1944 d'Studioen iwwerholl an déi Alliéiert hunn d'Gebai fir hir eege Sendunge benotzt. 1945 ass d'CLR nees Proprietär vun der Villa ginn an déi éischt national Sendungen hunn den 12. November nees ugefaangen. D'Schied si behuewe ginn, an et gouf en neien Trakt bäigebaut.

1952 war deen neien Deel mam Auditorium fir den RTL-Orchester fäerdeg. D'offiziell Aweiung vum neie Gebai war den 18. Mee 1953 a Presenz vun ë. an der Groussherzogin Charlotte an dem Staatsminister Pierre Dupong. 1956-57 ass de markanten 8-stäckegen Tuerm gebaut ginn, an deem d'Radiostudioen a Büroen ënnerbruecht waren. D'Grondmauere vum Tuerm stinn op der Reschter vum Fort[4].

1962 an 1966 gouf an der Villa Louvigny de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne organiséiert.

1991 sinn d'CLT-Verwaltung an d'Studioen op de Kierchbierg geplënnert, 1996 och den techneschen Déngscht, wéi en zweet Gebai um Kierchbierg fäerdeg gebaut war. D'Gebai dat eidel stoung, gouf mat den Terraine ronderëm (am Ganze 94 Ar) am Joer 1998 fir 931 Millioune Lëtzebuerger Frang (eppes méi wéi 23 Milliounen Euro) un de Lëtzebuerger Staat verkaaft. Just de fréieren RTL-Orchester, den haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg ass dra bliwwen, bis 2005 d'Philharmonie fäerdeg gebaut war, an huet sech d'Raimlechkeeten zäitweileg mam Institut monétaire luxembourgeois a Servicer vum Gesondheetsministère missen deelen.

Alas Leoni Dedit[änneren | Quelltext änneren]

Wéi sech déi Responsabel vun der CLR Ufanks vun den 1950er Joren no engem passende Logo fir hir international ausgeriichten Entreprise ëmgekuckt hunn, si se op den houfrege roude Léif, dem Wopendéier vu Lëtzebuerg gefall. Dësen heraldesche Motiv krut eng Koppel stiliséiert Flilleken an d'Devise Alas Leoni Dedit („Dem Léif Flilleke ginn“) gouf derbäi gesat. De Logo an de Slogan ass nach haut iwwer der Entréesdier vun der Villa an op engem iwwerdimensionale gréngen Teppech um éischte Stack vun der Villa Louvigny ze gesinn.

D'Villa Louvigny haut[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2000 bis uganks 2023 war d'Villa Louvigny de Sëtz vum Gesondheetsministère. Den Numm vun der Strooss déi dohiféiert, d'Allée Marconi, erënnert nach un d'Roll, déi se an der Geschicht vum Radio gespillt huet.

De Conseils-Sall am Art Deco-Stil gouf 2013/2014 komplett renovéiert. Wéi d'Placke mat enger Weltkaart drop, ewechgeholl goufen, fir se ze restauréieren, gouf en anert Wierk entdeckt, dat hannendru verstoppt war. Et handelt sech ëm eng aner Weltkaart op Lack vum Schwäizer-franséische Kënschtler Jean Dunand deen d'Kaart warscheinlech ëm 1937 / 1939 hiergestallt huet[5].

Am September 2018 ass ugekënnegt ginn, datt am Kader vun de geplangte Renovatiounsaarbechten eng Etüd gemaach soll ginn, fir ze kucken wéi den Auditoire - parallel zum Fonctionnement vum Ministère - nees benotzt kéint ginn[6],[7]. Am Mäerz 2020 gouf du preciséiert datt eng Faisabilitéitsetüd gemaach gëtt fir d'Gebai ëmzebauen, sou datt et vum Kulturministère gebraucht ka ginn. D'Direktioun vun der Santé géif am Laf vun 2020 op Hamm plënneren an de Gesondheetsministère uganks 2022 op Gaasperech[8].

D'Villa gouf de 6. September 2018 als Nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[9].

D'Pläng fir eng Notzung als kulturellt Gebai gesi vir, dass den Auditoire d'Käerstéck soll sinn. En huet 350 m2 a bitt Plaz fir 316 Spectateuren. An d'Plaz vum Haff, dee laang als Parkplaz genotzt gouf, kënnt en Amphitheater, wou och Spektakle kënnen opgefouert ginn. An den Tuerm komme Büroen, ënner anerem vu Kultur.LX. Och e Restaurant ass am Gebai virgesinn, dat och energeetesch a sécherheetsméisseg op de leschte Stand bruecht muss ginn. D'Aarbechte sollen 2025 ufänken, bis 2029 daueren, an eng 70 Milliounen Euro kaschten.[10]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Louvigny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Abreißkalender 10. Januar 1925
  2. 2,0 2,1 2,2 cf. Guy May, an der Literatur
  3. Abreißkalender 25. November 1931
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2008-06-10. Gekuckt de(n) 2008-11-10.
  5. Ein halbes Jahrhundert versteckt
  6. Guy Arendt a visité l'auditoire de la Villa Louvigny Communiqué vum Kulturministère vum 7. September 2018, fir d'lescht gekuckt den 8. September 2018
  7. Marc Thill, Im Auditorium soll wieder die Musik spielen op wort.lu de 7. September 2018
  8. Äntwert vum François Bausch op d'parlamentaresch Fro 1885/2020 vum Mars di Batolomeo: Réaffectation de la Villa Louvigny
  9. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  10. "Villa Louvigny am Stater Park gëtt fir kulturell Zwecker reamenagéiert." rtl.lu, 17.07.2023.