Villeroy & Boch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Villeroy & Boch ass eng däitsch Gesellschaft déi Keramik produzéiert an déi hire Sëtz zu Mettlach huet. Se gouf 1748 vum Jean-François Boch an Nicolas Villeroy gegrënnt.

D'Parzeläinsindustrie ass vum Jean-François Boch zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Am Fong misst ee vun der Faïenceindustrie schwätzen. Well zu där Zäit goufen nach nëmmen Artikelen aus gewéinlecher Faïence an der Fabréck am Rollengergronn (Siweburen) fabrizéiert, an nach kee Parzeläin. Dofir ass haut och nach ëmmer Rieds vun der Faïencerie an net vun der Parzeläinsfabrik. De Jean-François Boch, gehéiert zu de grousse Pionéier vun der lëtzebuergescher Mëttelindustrie.

Hie war Fransous an hat ursprénglech eng Eisegéisserei a Loutrengen. Nodeem hien 1748 zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) ugefaangen hat, Faïencewueren ze produzéieren, ass hien 1768 an de Rollengergronn op d'Siweburen komm an huet do ënner dem Numm: Jean-François Boch et frères seng Fabréck opgebaut. Mat vill Succès iwwregens. 1770 huet d'Faïencerie hire Brindille-Dekor agefouert, deen haut nach ënner dem Numm Vieux-Luxembourg bekannt ass.

Vun de Schwieregkeeten an de 1930er Joren huet d'Faïencerie sech erkritt an huet virum Zweete Weltkrich 230 Persounen beschäftegt, déi all Joer 60 Tonne Faïence-Geschir produzéiert hunn.

Déi grouss Ëmstellung koum nom Zweete Weltkrich, wéi d'Faiencerie sech moderniséiert huet, Elektroiewen agesat huet, an op d'Produktioun vu Parzeläin iwwergaangen ass. 2004 hat d'Faïencerie Villeroy et Boch zu Siweburen 521 Persoune beschäftegt.

Aner wichteg Etappen an der Entwécklung vun der Entreprise[änneren | Quelltext änneren]

  • 1791: De Nicolas Villeroy produzéiert an der Saar zu Wallerfangen wäisst Dëschgeschir mat Kofferopdrock,
  • 1809: De Jean-François Boch keeft zu Mettlach un der Saar déi fréier Benediktiner-Abtei a fänkt mat der Produktioun vu wäissem Dëschgeschir, eng Aart vu Parzeläin, un.
  • 1836 De Nicolas Villeroy an de Jean-François Boch doen sech zesummen. Fir Villeroy et Boch ass dat den Ufank vun engem groussen Opstig.
  • 1959: Iwwergang op d'Produktioun vu Vitro-Parzeläin.
  • 2010: D'Produktiounsplaz Lëtzebuerg gëtt zougemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villeroy & Boch – Biller, Videoen oder Audiodateien