Vincenzo Silvano Casulli

Vu Wikipedia
Vincenzo Silvano Casulli
Gebuer 25. August 1944
Gestuerwen 24. Juli 2018
Fonte Nuova
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom

De Vincenzo Silvano Casulli, gebuer de 25. August 1944 a gestuerwen, de 24. Juli 2018, war en italieeneschen Amateurastronom. Hie war och bekannt ënner dem Numm Silvano Casulli.

De Casulli war en engagéierten Observateur an Entdecker vun Asteroiden. Hie war den éischten Amateurastronom, deem et gelongen ass, mat enger CCD-Kamera prezis astrometresch Date vun Asteroiden ze kréien. An de Joren 1993 bis 2004 huet hie 86 Asteroiden entdeckt.

Den Asteroid (7132) Casulli ass no him genannt.

Am Joer 1985 huet hien an enger Grupp vun Amateurastronome geschafft, déi den Hubble-Weltraumteleskop fir d'Observatiounen an D'Ënnersich vu Koméiten an Asteroide benotze konnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]