Vingtième

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville

De Vingtième (Zwanzegstel) ass eng direkt Steier déi vum Generalkontroller vun de Finanzen Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville am Frankräich vum Ancien Régime agefouert gouf. Hie wollt eng direkt Steier déi d'ganzt Vollek (domat huet hien den Drëtte Stand an den Adel gemengt) betraff huet, an déi aus 5 % (1/20) vun de Revenue bestanen huet.

De Vingtième gouf als Ersatz fir den Dixième agefouert, deen am Mee 1749 ofgeschaaft gi war. Déi nei Steier ass den 1. Januar 1750 a Kraaft getrueden, fir géint den Defizit am Staatsbudget unzekämpfen. Entgéint de franséischen Traditioune wat Steieren ubelaangt, gouf dës nei Steier a Friddenszäiten agefouert, a war also definitiv[1].

De Klerus an d'Provënzen hu vif protestéiert, an Opstänn erausgefuerdert. De Kinnek Louis XV. huet d'Steier am Dezember 1751 fir d'Lännereie vun der kathoulescher Kierch nees ofgeschaaft, mä huet si awer an de Provënze bäibehalen.

Mam Ufank vum Siwejärege Krich am Joer 1756 gouf en zweete Vingtième agefouert. Nodeem de Krich net op en Enn gaangen ass, a Sue gebraucht goufen, ass am Joer 1760 en drëtte Vingtième derbäikomm.

De Vingtième ass op d'Revenue vun der Industrie an dem Handel gaangen. Ausserdeem huet hien d'Propriétéiten taxéiert, vun deenen d'Besëtzer, d'Natur, d'Gréisst, an den Nettoertrag pro Joer hu missen deklaréieren. E Kontrollsystem gouf um Niveau vun all Généralité ënner der Autoritéit vum Intendant an d'Liewe geruff.

Dës modern Steier war ganz schlecht mat de Mentalitéite vun de Leit kompatibel, déi un hire Privilegië gehaangen hunn. Vill Leit hu sech mam Steierabonnement aus der Affär gezunn, an och d'Adeleg hu sech arrangéiert, fir d'Steier net missen ze bezuelen. 1763 huet d'Paräisser Parlament et fäerdegbruecht, datt keng nei Evaluatioune vum Vingtième méi géife gemaach ginn. Domat huet d'Steier hiren Notzen, fir Staatsresev ze fëllen, net méi erfëllt. Am Joer 1787, wou d'Monarchie kuerz virum Bankrott stoung, goufen all d'Ausnamen ofgeschaaft, mä do war et schonn ze spéit. 1789 hunn déi zwee Vingtièmen zesumme 57 Millioune Livres bruecht.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Bei de Steieren, déi a Krichszäiten agefouert goufen, goufen dës ëmmer nees opgehuewen, soubal de Krich eriwwer war.