Virée de Galerne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Virée de Galerne
Galerne.jpg
Virée de Galerne
Datum 18. Oktober - 23. Dezember 1793
(Chronologie)
Plaz Maine, Bretagne, Normandie
Resultat republikanesch Victoire
Kontrahenten
Republikanesch Arméi Vendéens a Chouans
Männer op der Plaz
Armée de l'Ouest 40 000 Männer
Krich an der Vendée


D'Virée de Galerne war eng militäresch Campagne vum Krich an der Vendée während der Franséischer Revolutioun, déi sech am Maine, der Bretagne an an der Normandie ofgespillt huet. Den Numm kënnt vum bretonesche gwalarn, wat souvill heescht wéi Wand vum Nordwesten.

D'Virée de Galerne war d'Rees vun der Arméi vun der Vendée, déi, nodeem si no der Néierlag vu Cholet (17. Oktober 1793) iwwer d'Loire komm war, Richtung Granville gezunn ass, an der Hoffnung hei englesch Ënnerstëtzung ze kréien.

Nodeem si Granville net anhuele konnten, sinn Zaldote vun der kathoulescher a kinneklecher Arméi weider op Savenay gezunn, wou si den 23. Dezember 1793 integral vun den Truppe vum Generol Kléber geschloe goufen. Mat der Schluecht vu Savenay ass domat de sougenannten Éischte Krich an der Vendée op en Enn gaangen.

Eng Reorganisatioun vun de republikaneschen Truppen[änneren | Quelltext änneren]

Am Hibléck op de Succès vun de Géigerevolutionären, déi zu Vihiers eng Arméi vu 6.000 Männer, déi aus de Garnisoune vun Angers a Saumurs bestanen huet (1.500 Doudeger, 22 Kanoune veluer) an aus Angscht virun enger Ustiechung gouf de Generol Biron destituéiert, an d'Genereel Ci-devants (Canclaux, Grouchy, Aubert-Dubayet) goufen op d'Initiativ vum Krichsminister Bouchotte duerch Sans-culottes (Rossignol, Ronsin, zum Deel al Zaldoten, mä och de Komödiant vum Theater Grammont oder de Braumeeschter Santerre) ersat, déi sech als mëttelméisseg Genereel erausgestallt hunn. Si stoungen un der Spëtzt vun der Arméi « composite, mal équipée, condamnée au pillage pour survivre et détestée par les populations ». Dës Amëschung vun den Hébertisten am Krich an der Vendée huet bis am November gedauert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Luçon Nuvola apps xmag.png
Well eng Néierlag vun de Blancs op sech waarde gelooss huet, huet d'Convention séier reagéiert, a frësch Truppen, d'"Mayençais" (vum Numm vun der Garnisoun vu Mainz, déi den 23. Juli kapituléiert hat), an d'Vendée geschéckt. Dës Truppe stoungen ënner der Leedung vum Kléber an dem Canclaux, Chef vun der Armée des côtes de Brest. De Charette gouf aus dem Marais duerch de Kléber verdriwwen. Mä d'Néierlage vun anere Kolonne hunn d'Republikaner mat hirem Plang net direkt duerchkomme gelooss. D'Blancs hunn de Canclaux, dee sech zu Cholet installéiert hat, verdriwwen, an hie gezwongen, sech op Clisson zréckzezéien. Den 18. September si sech 2.000 "Mayençais" vum Kléber an 20.000 Vendéens begéint, de Kléber huet sech missen op Clisson zréckzéien.

Jean-Baptiste Kléber

Nodeem säin éischte Plang kee Succès hat, huet de Canclaux zwou republikanesch Kolonnen zesummegestallt, déi vun Nantes an Niort fortgezu sinn, fir sech zu Cholet ze treffen. De Kléber, dee mat 10.000 Leit d'Stad besat hat, huet de 17. Oktober 40.000 Vendéens géint sech gehat. No enger Partie Ugrëffer hu sech d'Vendéens zréckgezunn. Op béide Säite gouf et vill Doudeger ze bekloen, an de Bonchamps an den D'Elbée goufe blesséiert1.

Iwwer d'Loire a Richtung Granville[änneren | Quelltext änneren]

D'Vendéens hu beschloss, iwwer d'Loire ze goen, an der Revolt an der Bretagne an am Maine neit Feier ze ginn. Hei war et schonn zu enger Chouannerie komm, a si wollten der englescher Ënnerstëtzung hëllefen, un de Küste vum Äermelkanal ze landen.

An enger Nuecht, den 18. Oktober, huet de La Rochejaquelein, den neie "Généralissime", seng ganz Truppen, 20.000-30.000 Zaldoten, iwwer d'Loire geschéckt2, zesumme mat der Zivilbevëlkerung, sou datt am Ganzen tëscht 60.000 an 100.0003 Leit iwwer de Floss komm sinn. Dëst war den Ufank vun der « Virée de Galerne ».

Henri de La Rochejacquelein

Richtung Granville sinn d'Zaldoten zu Laval ukomm, wou si déi lokal Garnisoun an d'Nationalgard ouni Problemer klappe konnten. Ouni op Verstäerkung ze waarden, huet de Westermann seng Kavaléier zweemol am Süde vu Laval géint d'Vendéens geschéckt, mä ouni Erfolleg ; déi zweet Kéier huet d'Flucht vun de Männer vum Westermann bei den 30.000 Männer vum Kléber déi zu Château-Gontier stationéiert waren, Panik ausgeléist, an hien huet sech bis zu der Loire zréckgezunn. D'Vendéens hunn d'Bleus de 27. Oktober massakréiert, an eréischt um Moie vum 28. Oktober opgehalen. Si konnten 19 Kanounen, Verflegung a Munitioun gewannen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Fougères Nuvola apps xmag.png
Dës spektakulär Victoiren hu sech am Weste séier verbreet, an der Bauererebellioun neit Feier ginn. Ausserdeem koumen honnerte vu Fräiwëllegen aus der Ille-et-Vilaine an dem Morbihan, sou datt viru Granville 6.000 Männer stoungen. Mä well si wéineg vun der lokaler Bevëlkerung ënnerstëtzt goufen, si si midd ginn, an hu vill Männer verluer4.

De Réckzuch an d'Vendée an d'Enn vun der kathoulescher a kinneklecher Arméi[änneren | Quelltext änneren]

Zu Granville huet kee britescht Schëff op d'Opstänneg gewaart, an d'republikanesch Stad huet sech groussaarteg den 13. a 14. November verdeedegt. D'Arméi ass dunn an déi entgéigegesate Richtung gezunn. Moralesch a logistesch geschwächt (nëmmen nach 40.000 Männer waren iwwereg), konnten d'Opstänneg déi 20 000 Männer vum Rossignol zu Antrain zwar klappen, mä konnt Angers net anhuelen. Sou sinn si weider Richtung Le Mans gezunn, fir sech Verpflegung ze verschafen, a wollten duerno weider op Blois. Den 10. Dezember ass d'Arméi mat 30.000-40.000 Männer op Le Mans komm, wou si gerascht hunn, mä huet duerno d'Schluecht vu Le Mans den 13. a 14. Dezember veluer. Déi 15.000 Männer, déi iwwerlieft hunn, sinn op Laval geflücht. Si ware vun der Dysenterie geschwächt a goufe vun enger rosener Bevëlkerung beleidegt. Si goufen déidlech zu Savenay bei Nantes den 23. Dezember geschloen.

Ëm déi 4.000 Männer konnte flüchten, éier d'Totalitéit vun de Bleus iwwer d'Loire komm war, an hu sech an de Bëschter vum Maine, der Haute-Bretagne an dem Morbihan verstoppt, a sech a klenge Banden, déi vun enger Partie vun der lokaler Bevëlkerung ënnerstëtzt goufen, zu enger permanenter Guerilla entwéckelt5.

A sengem Rapport un d'Convention, huet de Generol Westermann deklaréiert :

Citoyens républicains, il n'y a plus de Vendée ! Elle est morte sous notre sabre libre, avec ses femmes et ses enfants. Je viens de l'enterrer dans les marais et les bois de Savenay. Suivant les ordres que vous m'avez donnés, j'ai écrasé les enfants sous les pieds des chevaux, massacré les femmes qui, au moins pour celles-là, n'enfanteront plus de brigands. Je n'ai pas un prisonnier à me reprocher; les routes sont semées de cadavres. On fusille sans cesse à Savenay, car à chaque instant il arrive des brigands qui prétendent se rendre prisonniers. [...] Nous ne faisons pas de prisonniers, Il faudrait leur donner le pain de la liberté et la pitié n'est pas révolutionnaire.

Dëse Rapport war net wierklech realistesch. Dausende vu Vendéens goufen an de Prisonge vun de Stied am Westen agespaart, an d'Rebellioun war nach net eriwwer6. Wa sech de Westermann sou gebretzt huet, sou war dat « pour faire oublier la médiocrité de son commandement qui a mis en péril l'armée républicaine à plusieurs reprises et son opposition ouverte à des généraux sans-culottes. Il n'évite pas pour autant l'échafaud. »7

Dës Victoire huet de Genereel an den Envoyés en mission allerdéngs keng Sécherheet ginn; de laange Wee vun dëser Kolonn zu enger Zäit wou gegleeft ginn ass, datt den Opstand op en Enn gaange wier, hat d'Land iwwerrascht. Sou war d'Regioun an den Ae vu ville vun der Géigerevolutioun oder dem Federalismus dominéiert. Dëst erkläert och d'Repressioun, déi d'Opstänneg ze spiere kruten. Wat d'Intensitéit vun der Repressioun ugeet, sou koum et zu enger Verschlëmmerung vun der Gewalt, déi all Krichsregele vergiess huet « pour un certain nombre de responsables politiques et militaires comme pour des soldats et des militants », mä déi och géint d'Dekreter vun der Convention gaangen ass, déi vun de militäresche Cheffen ugelunn ginn ass8.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • François Lebrun, La virée de Galerne, Éd. de l'Ouest, 1989. (ISBN 2908261006)
  • Elie Fournier, La Terreur bleue : 15 octobre-23 décembre 1793, La Virée de galerne, A. Michel, Paräis, 1993. (ISBN 2-226-01985-5)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Roger Dupuy, La République jacobine, Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794, S.140-144.
2: Albert Soboul, La Révolution française, Gallimard, S.331.
3: Roger Dupuy, op. cit., S. 227.
4: Roger Dupuy, op. cit., S. 227-230.
5: Roger Dupuy, op. cit., S. 227-230.
6: Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, Éd. du Seuil, 1998, S. 219.
7: Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Éd. du Seuil, 2006, S. 181.
8: Jean-Clément Martin, op. cit., S. 202-207.

Commons: Virée de Galerne – Biller, Videoen oder Audiodateien
Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.