Virga Jesse

Vu Wikipedia
D'Virga Jesse an der Virga-Jesse Basilika zu Hasselt

Virga Jesse ass den Numm deen d'Muttergottes fréier am regionalen Dialekt an der Géigend vun Hasselt hat. Den Numm ass haut nach an Erënnerung duerch verschidde Konschtwierker an der Virga-Jesse Basilika, ënner anerem eng faarweg Fënster, eng Tapisserie an eng Statu.

Eng Brudderschaft, d'Fraternité de Notre-Dame Virga Jesse, organiséiert all siwe Joer d'Fest vun der Virga Jesse. Dëst Fest gëtt encadréiert mat Pressiounen, Ausstellungen, Concerten, Theaterspiller a folkloristesch Manifestatiounen. D'faarweg Fënster an der Kierch ass och eng Stëftung vun dëser Brudderschaft. An der Kierch ass och eng Molerei vu 1709 déi d'Virga Jesse a Gesellschaft vun 12 Membere vun der Brudderschaft duerstellt.

D'Seeche vun der Virga Jesse[änneren | Quelltext änneren]

Ee gewëssen Henri vun Haasselt war um Heemwee vun enger langer Rees, déi hien zu Fouss gemaach hat. Wéi hien an d'Géigend vun Hasselt koum huet hie sech awer verlaf, et ass däischter ginn an en huet de Wee net méi fonnt. Du huet hie sech op de Buedem geknéit a wéi en et vu senger Mamm geléiert gi war, zu der Virga Jesse gebiet. Gläich drop huet hie vu Wäitem Klacken héiere lauden. Hien ass dem Klang nogaangen an huet sech zu Hasselt erëmfonnt, op där Plaz wou haut d'Kierch Notre-Dame steet.