Virgeschicht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Virgeschicht oder Urgeschicht ass de längsten Deel (méi wéi 99%) vun der Mënschheetsgeschicht. Eigentlech ass de Begrëff Virgeschicht absurd well et keng Geschicht virun der Geschicht gëtt. Trotzdeem ass en duerch d'Fuerschung kloer definéiert. Traditionell fänkt d'Virgeschicht mam éischte Geschir aus Steen virun ongeféier 2,5 Millioune Joren un, an hält beim Opdauche vun den éischte Schrëften op, dem Ufank vun der Protogeschicht. Et ass dann och verständlech datt dës Datatioun weltwäit verschidden ass.

Vum Ufank vun der Mënschheet bis zur Aféierung vun der Metallurgie (a Mëtteleuropa viru ronn 4.000 Joer) nenne mir d'Steenzäit. A Mëtteleuropa ginn als éischt Koffer, da Bronze a schliisslech Eise verschafft. An anere Regioune feelen d'Koffer- an/oder Bronzezäit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Kuckenberg, Vom Steinzeitlager zur Keltenstadt - Siedlungen der Vorgeschichte in Deutschland, Konrad Theiss Verlag, Stuttgart, 2000.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virgeschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien