Virgo-Superkoup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Virgo-Galaxiëkoup

De Virgo-Superkoup oder och Lokale Superkoup ass e Galaxien-Superkoup an huet ënner anerem déi Lokal Grupp, zu där och eis Galaxis, d'Mëllechstrooss gehéiert. Si huet d'Form vun enger ofgeflaachter Scheif mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 200 Millioune Liichtjoer an huet ronn 100 bis 200 Galaxiëkéip. De Virgo-Superkoup ass nom Virgo-Galaxiëkoup, deen de gravitativen Zenter vum Superkoup ass, genannt. D'Lokal Grupp distanzéiert sech mat ongeféier 1000 km/s vum Virgo-Galaxiëkoup. Duerch en Ofstand vum Virgo-Galaxikoups vu 65 Mio. Liichtjoer ass d'Vitesse manner grouss, wéi si nom Hubble-Gesetz ze erwaarde wier. Relativ zu der allgemenger Expansioun vum Universum beweege mir eis dofir a Richtung vum Virgo-Koup. Dëst Phenomen huet den engleschen Numm Virgo Infall.

Opgrond vun Observatioune vun dësem Effet, deen d'Gravitatioun op d'Bewegung vun de Galaxien huet, gëtt déi total Mass vum Virgo-Superkoup op ongeféier 1015 Sonnemassen (ongeféier 2 × 1045 kg) geschat. Well seng Liichtkraaft fir déi Zuel vu Stären ze niddreg ass, gëtt ugeholl, datt e Groussdeel vu senger Mass aus donkeler Matière besteet.

Hierarchesch Struktur vum Virgo-Superkoup

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie