Virgo (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Virgo
Lëtzebuergeschen Numm Jongfra
Laténgeschen Numm Virgo
Laténgesche Geenitiv Virginis
Laténgesch Ofkierzung Vir
Rektaszensioun 11h 37m bis 15h 11m
Deklinatioun -22° 40' bis +14° 20'
Fläch 1294 Quadratgrad
Ganz ze gesinn

tëscht de Breetegraden

67° Nord bis 76° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Stäre mat
der Gréisst < 3m
2
Hellste Stär Spica (α Virginis)
0,98m
Meteorstréim
Virginiden (18./19. Mäerz)
Nopeschstärebiller
Bootes
Coma Berenices
Leo
Crater
Corvus
Libra
Serpens
Kaart vum Stärebild Virgo (Jongfra). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

D'Jongfra (laténgesch Virgo) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild Virgo ass (no der Hydra) dat zweetgréisst Stärebild um Himmel. Et läit tëscht dem Leo (Leo) an der Libra.

Den hellste Stär ass d'Spica mat enger visueller Magnitude vun 0,98m. D'Spica ass an der Verlängerung vum Täissel vum „Grousse Won“ Ursa Major iwwer dem hellen Arcturus am Stärebild Bootes ze fannen.

D'Ekliptik zitt sech duerch d'Stärebild Virgo, dofir wandert eis Sonn, de Mound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn hält sech momentan vum 10. September bis zum 30. Oktober an der Virgo op.

Am Stärebild Virgo (Jongfra oder och Joffer genannt) ass de risege Virgo-Galaxiëkoup, dee ronn 2.000 Galaxien enthält. Verschidde Galaxië kënne scho mat klengen Teleskope gesi ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De geneeën Urspronk vum Stärebild ass net bekannt. Al Kulturen hunn si mat Gëttinnen, wéi Ishtar, Isis oder Cybele a Verbindung bruecht.

Bei de Griichen an der Antiquitéit gouf et ënnerschiddlech Deitungen. Sou gouf am Stärebild d'Athene, d'Hera,d'Persephone, d'Kallisto, d'Dike, d'Astraea oder d'Erigone gesinn.

D'Virgo gehéiert zu deenen 48 Stärebiller déi schonn an der anticker Astronomie bekannt waren.

Well d'Sonn an de Méint September an Oktober am Stärebild steet, gouf et mat der Rekolt, Fruchtbarkeet an dem Akerbau a Verbindung bruecht. De laténgeschen Numm Spica bedeit „Kornähre“. Well d'Stärebild am Fréijoer iwwer dem Horizont opdaucht, ass fréier och gegleeft ginn, d'Stärebild géif nom Wanter aus der Ënnerwelt opdauchen.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm oder aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 67 Spica, Azimech, Alarph 0,98 262 B1 III/IV + B2 V
ε 47 Vindemiatrix, Vindemiator, Almuredin
Alaraph, Provindemiator, Protrigetrix, Protrygetor
2,85 102 G8 IIIvar
ζ 79 Heze 3,38 73 A3 V
δ Minelava, Minelauva, Auva, Al Awwa 3,39 202 M3 III
β Zavijah, Zavijava, Alaraph, Minelauva 3,59 36 F8 V
γA 29 Porrima, Arich 3,65 39 F0 V
γB Porrima, Arich 3,68 39 F0 V
109 3,73 129 A0 V
μ 107 Rijl al Awwa 3,87 61 F2 III
η 15 Zaniah 3,89 250 A2 IV
ν 3 4,04 313 M0 III
ι 99 Syrma 4,08 70 F7 V
ο 9 4,12 171 G8 IIIa CN-1Ba1CH1
κ 98 4,18 224 K2.5 III Fe-0.5
τ 93 4,23 218 A3 V
θ 51 4,38 415 A1 IV + Am
110 4,39 183 K0.5 IIIb Fe-0.5
λ 100 Khambalia 4,52 187 A2m
π 8 4,65 360 A5 V
χ 26 4,66 320 A4 V
74 4,68 430 M2 III
61 4,74 28 G6 V
69 4,76 258 K0 III-IV CN2Fe0.5
ψ 40 4,77 420 M3 IIICa-1
σ 60 4,78 540 M1 III
φ 105 4,81 135 G2 IV
χ 2 4,84 120 K2 III-IIIb CN1
ρ 30 4,88 120 A0 V
78 4,92 183 A1p SrCrEu
ET 4,93 540 M2 IIIa
89 4,96 242 K0.5 III-IIIb
c 16 4,97 285 K0 IIIb Fe-1
70 4,97 59 G4 V
CU 4,99 262 A0 VpSi
m 82 5,03 460 M1.5 III
53 5,04 106 F5 III-IV
HR 5392 5,10 151 A5 V
υ 5,14 274 G9 III
49 5,15 306 K2 III
p 90 5,16 254 K2 III
e 59 5,19 59 G0 V
32 5,22 244 F0 IIIm
h 76 5,21 264 K0 III
57 5,21 127 K1 III-IV
ω 1 5,24 480 M4 III
68 5,27 500 M0 III
A1 4 5,31 192 A1
55 5,31 126 G6 V
HR 5013 5,33 300 K3 III
84 5,35 217 K2 III
b 7 5,36 276 A1 V
63 5,36 320 K III
87 5,41 640 M2 IIIab
106 5,42 480 K5 III
95 5,46 179 F2 IV
q 21 5,48 262 A0 V
86 5,50 380 G8 III

D'Spica ass e Méifachstäresystem dee vun eis op enger Distanz vun 272 Liichtjoer läit. Den Haaptstär ass e Risestär dee wäiss a mat der 2300-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn liicht. De Stär pulséiert schwaach iwwer en Zäitraum vun 0,174 Deeg an ännert dobäi liicht seng Hellegkeet. Am Ofstand vun 0,12 astronomeschen Eenheeten ëmkreest e klenge Begleetstär den Haaptstär a ronn véier Deeg. Opgrond vum geréngen Ofstand ass de Stär am Teleskop net ze gesinn. D'Spika ass e bedeckungsverännerleche Stär.

102 Liichtjoer ass deen zweethellste Stär ewech, a liicht giel.
Säin Numm ass, Vindemiatrix, a bedeit „Wäilieserin“.

Siichtbar Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
Porrima 3,65 / 3,68 0,5”
θ 4,4 / 8,6 7,2”
φ 5,0 / 9,2 4,7”

Porrima (γ Virginis) läit 39 Liichtjoer vun eis ewech an ass en Duebelstär. Déi zwéi Stäre sinn ongeféier gläich grouss an ëmkreese sech an 172 Joer. Wärend engem Ëmlaf verännert sech de Wénkelofstand relativ staark. Am Joer 1920 gouf mat 6,2 Bousekonnen de gréissten Ofstand erreecht an d'Stäre konnte mat engem klengen Teleskop gesi ginn. 2008 ass de klengsten Ofstand erreecht an d'Stäre stinn nëmmen 0,3 Bousekonnen auserneen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär m Period Typ
Spica 0,98 0,174 Deeg / 4,014 Deeg Pulsationsverännerlechen
Bedeckungsverännerlechen
R 7 bis 11 145,5 Deeg Mira-Stär

R Virginis ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet ännert sech staark iwwer en Zäitraum vun 145,5 Deeg

Messier- an NGC-Objete[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC m Typ
49 8,4 elliptesch Galaxis
58 9,7 Spiralgalaxis
59 9,6 elliptesch Galaxis
60 8,8 elliptesch Galaxis
61 9,7 Spiralgalaxis
84 9,1 elliptesch Galaxis
86 8,9 elliptesch Galaxis
87 8,6 elliptesch Galaxis
89 9,8 elliptesch Galaxis
90 9,5 Spiralgalaxis
104 8,0 Spiralgalaxis
4216 10,0
4388 11,0
4429 10,0
4526 9,7
4654 10,5
5634 11 Kugelstärekoup
3C273 12,9 Quasar

De Virgo-Galaxiëkoup ass ronn 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Ongeféier 250 vu senge Stäre kann ee mat engem mëttleren Teleskop mat 15 cm Ëffnung gesinn.

M 49 war déi éischt entdeckten Galaxis vum Virgokoup. De Charles Messier huet si am Joer 1771 fonnt. Den M 49 ass och den hellsten Objet am Galaxiëkoup.

D'Spiralgalaxis M 61 gehéiert och zum Virgo-Galaxiëkoup. Nëmmen a groussen Teleskope ginn d'Spiralstrukture siichtbar.

D'Galaxien M 84, M 86, M 87 an M 88 gehéieren zu der Zentralregioun vum Virgokoup. De Messier huet alle véier Galxien an der Nuecht vum 18. Mäerz 1781 entdeckt.
M 84, M 86 und M 87 sinn elliptesch Galaxien, M 88 ass eng Spiralgalaxis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virgo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien