Visualitéit
Als Visualitéit vun engem astronomeschen Objet bezeechent een d'Zäit vum visuellen Opdauchen iwwert dem Horizont vun der eegener Standplaz (Opgank), an dem Verschwanne vum Himmelskierper ënnert deem Horizont (Ënnergank).
D'Ursach vum Evenement ass d'Äerdrotatioun resp. vun enger anerer Standplaz – z. B. vum Äerdmound - an (a klengem Ausmooss) d'Eegebewegung vum Objet géigeniwwer vum Observateur: An der Raumfaart huet d'Bunnvitesse vum Fluchkierper de gréissten Afloss.
Op- an Ënnergäng sinn niewent der Kulminatioun déi wichtegst Aspekter vun der Astronomescher Phenomenologie. An all den astronomesche Kalenneren resp. Joerbicher stinn déi entspriechend Date fir d'Sonn an Äerdmound. D'Berechnung geschitt mat de sphäresche Formele vum astronomeschen Dräieck.
Inhaltsverzeechnes |
Iwwerbléck [änneren]
D'Zäit tëschent Op- an Ënnergank vun engem Himmelskierper gëtt an der Astronomie als Dagbou bezeechent. Bei ganz flaachem Horizont deelt hie sech an zwéin Ofschnëtter: Vum Opgank bis zum héichste Stand (Kulminatioun) – am Allgemengen am Süden resp. op der Südhallefkugel am Norden (Meridianduerchgank) – a vun do bis zum Ënnergank.
Deen Zesummenhank gëllt fir eng topozentresch Standplaz op jiddwer Himmelskierper. Speziell op der Äerd gëlle folgend Besonneschheeten:
Bei Fixstäre verfréie sech all 3 Zäitpunkte all Dag ëm 4 Minutte, well d'Äerd fir eng Dréiung net 24 Stonnen, mä nëmme 23,934 Stonne brauch (sidereschen Dag). Bei der Sonn kënnt nach den Afloss vun de Joreszäiten derbäi: D'Kulminatiounszäit (richtege Mëtteg) kann ëm ±16 Minutte variéieren (Zäitequatioun), d'Op- an Ënnergäng a Mëtteleuropa souguer ëm ±2 Stonnen (kuckt Sonnenopgank a Sonnenënnergank).
D'Richtung resp. den Zäitpunkt vun Op- an Ënnergäng hänkt virun allem vun dräi Facteuren of:
- Geographesch Breet B vun der Standplaz
- Deklinatioun D vum Himmelskierper (Wénkelofstand vum Himmelsequator)
- D'Héicht vum natierlechen Horizont.
Mathemateschen Op/Ënnergank [änneren]
Déi zwéin éischtgenannt Facteure bestëmmen de mathemateschen Op- an Ënnergank um idealen Horizont:
Op- an Ënnergank vun net zirkumpolaren Objeten [änneren]
Zu engem (mathemateschen) Op- oder Ënnergank kënnt et nëmmen, wann en Himmelskierper (Sonn, Mound, Stär asw.) vum Himmelsequator ee méi klenge Wénkelofstand huet wéi d'Standplaz vum Nordpol (resp. op der Südhemisphär vum Südpol).
oder
bzw. 
- D ..Deklinatioun, P ..Poldistanz, B ..Geographesch Breet (positiv fir nërdlech Breet)
Soss steet den Himmelskierper ëmmer iwwer dem Horizont ("Zirkumpolarstär") oder bleift ëmmer ënnert dem Horizont.
Sonnenop- an ënnergank [änneren]
Haaptartikel: Sonnenopgank, Sonnenënnergank
Bei der Sonn verännert sech d'Deklinatioun am Zyklus vun de Joreszäiten tëschent +23,4° an -23,4° (kuckt Ekliptikschréiecht). Dofir kann si déisäits vun de Polarkreeser (B=+66,6° resp. -66,6°) zäitweileg zirkumpolar sinn (Polardag am Summer) oder wochelaang onsiichtbar (Polarnuecht am Wanter). Op de Pole ass dëst jeeweileg en halleft Joer de Fall (Mëtternuechtssonn), um Polarkrees (theoretesch) nëmmen een Dag.
Ausserdeem ass de Moment vum Opgank bei der Sonn definéiert als de Moment, an deem d’Uewerkant vun der Sonnescheif den Horizont iwwerschrëtt [2] (den Ënnergank ass vergläichbar). Dëse geschitt eppes méi fréi wéi den Opgaank vum theoretesche Mëttelpunkt vun der Sonnescheif, a variéiert mat der am Joresoflaf schwankender Distanz vun Äerd a Sonn (Apsidendistanz) an doraus folgend dem visuellen Duerchmiesser vun der Sonn, an der Moyenne ass hien 0°32'.
Zesummen mat der weider ënnen beschriwenen Liichtbriechung ergëtt dat zesummen ongeféier 4 Minutte (-0°53' an Héicht[1]), um Equator verkierzt sech de Virgank wéinst der héijer Sonnebunn op 2,1 Minutte. Den hellechten Dag (dat ass d'Zäitspan, déi vum Sonnenopgangk bis zum Sonnenënnergank reecht) ass also knapp 5–10 Minutte méi laang wéi den Dagbou vun der Sonn, an d'Phenomen Mëtternuechtssonn erschéngt och, wann d'Sonn nëmmen deelweis iwwert den Horizont laanscht wandert, also nach ongeféier ee Breedegrad südlech vum Polarkrees. Nach eppes méi südlech dovun geet d'Sonn zwar ënner, awer déi biergerlech Dämmerung erstreckt sech op de ganzen Zäitraum bis zum Opgank – dat gëtt als Wäiss Nuecht bezeechent.
- Kuckt och: Äerdbunn – zum Joresëmlaf vun der Äerd ëm d’Sonn resp. Sonnebunn - dem visuellen Ëmlaf vun der Sonn ëm d’Standplaz vum Observateur.
Moundopgank a Moundënnergank [änneren]
De Mound bleift a senger deeglecher Bewegung duerchschnëttlech ongeféier 50 Minutte hannert der Sonn zréck, ass awer staark vu senger Distanz zu der Äerd ofhängeg. Ausserdeem variéiert seng Deklinatioun am Laf vun engem Tropesche Mount ëm de Wäert vun der Inklinatioun vu ronn 5°.
Dofir verzéien sech d’Op- an Ënnergankszäiten entspriechend. D'Längt vun engem „Mound-Dag“ (vun engem Opgank bis zum nächsten) kann tëschent ronn 24 h 15 min an 25 h 10 min schwanken. Well hien am Mëttel 24 Stonnen 48 Minutte dauert, gëtt et jiddfer synodesche Mount eemol e Kalennerdag, an deem de Mound net opgeet, an een, wou hien net ënnergeet. Ënner speziellen Ëmstänn (z.B relativ héich am Norden) kann de Mound souguer zweemol an engem Dag op- oder ënnergoen [3].
De reeellen Opgank [änneren]
Déi folgend Umierkunge gëllen analog och fir den tatsächlechen Ënnergank.
Horizont [änneren]
Deen uewen genannten drëtte Faktor (Natierlechen Horizont) huet – ausser um Mier an um Flaachland – den Afloss op den Termin: Den tatsächlechen Opgank geschitt eréischt, wann sech den Objet iwwer de Landschaftshorizont hieft.
An de Bierger ass d'Wénkeldistanz tëschent mathemateschem an reeellem Opgank oft etlech Grade, den Zäitofstand geet also an de Stonnen a kann an ungënschteger Lag och dozou féieren, datt d'Sonn an munchen Däller am Wanter guer net opgeet. Dofir ass Sonnesäit an Schiedsäit en zentrale besidlungsgeographeischen Aspekt, a beaflosst och d’Bëschgrenz an aner mikroklimatesch Aspekter, souwéi iwwer d'Erosioun och Gelännformatioune.
Op dem Mier trëtt – fir méi grouss Héichten iwwert dem Mieresspigel – wéinst der Äerdkrëmmung an d'Plaz vum Landschaftshorizont d'Kimmdéift, duerch déi d'Visualitéit vun de Stären ëm e puer Minutte verlängert gëtt.
Op deenen – op enger niddreger Äerdëmlafbunn – kreesende Raumstatioune an Raumfähre trëtt an entspriechend kuerzer Ëmlafzäit een Opgank ongeféier all 1½ Stonnen an.
Kuckt och [änneren]
Literatur [änneren]
- The Astronomical Almanac for the year 2006, The Stationery Office, London 2004, ISBN 0-11-887333-4
- Jean Meeus: Astronomical Algorithms, Willmann-Bell, Richmond 2000 (2nd ed., 2nd printing), ISBN 0-943396-61-1
- MZMsoft (Hrsg.): Sonnenaufgang - Sonnenuntergang. In: Genaues Analemma mit EXCEL • Version 2.0. Kapitel 4. (Webbook)
- Karl Ramsayer: Geodätische Astronomie, Band IIa des Handbuchs der Vermessungskunde. J.B.Metzler-Verlag, Stuttgart 1969
- Wolfgang Vollmann: Erscheinungen der täglichen Bewegung. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992 , S. 185–196 (weblink, 19. Juni 2006)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Sunrise – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Sunset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Moonrise and Moonset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fir d’Berechnung kuckt : Ephemeriden

oder
bzw. 